Versammlung mat Editeuren an anere Partner fir d’Presentatioun vum Etat des lieux vun den agefouerte Servicer

Agence

Den 29. Mäerz 2019 huet d’Agence eSanté Software-Editeuren a verschidden aner Partner fir eng Informatiounsversammlung invitéiert, wärend där Bilan iwwert déi verschidde Servicer gezu gouf, déi schonn operationell sinn an iwwert déi lafend Aarbechte fir aner e-santé Servicer, déi de Benotzer vun eisen e-santé Servicer wäerten erlaben, vu qualitativen a performanten techneschen Interfacen ze profitéieren. Dësen Echange huet dozou bäigedroen, d’Zesummenaarbecht tëschent der Agence a senge Partner ze intensivéieren.

Versammlung mat Editeuren an anere Partner fir d’Presentatioun vum Etat des lieux vun den agefouerte Servicer

Als Introduktioun huet eise Generaldirekter Hervé Barge dat fir ganz geschwënn erwaarten Erauskomme vum Reglement Grand-Ducal confirméiert, dat déi generaliséiert Aféierung vum DPS (Dossier de Soins Partagé) wäert erlaben. Hien huet och präziséiert, dass déi éischt Piloten am Beräich ePrescription séier komme wäerten. Dono ass d’Pascale Lucas intervenéiert, Responsabel vum Pilier projets/services/support client, fir en Etat des lieux iwwert déi aktuell Aféierung vum DSP an deenen aneren disponibele Servicer ze maachen (Patienten-a Gesondheetsberuffler-Annuairen, IdeoMed, etc ...), sou wéi vun den Editeuren a Partnerstrukturen, déi konforme deklaréiert sinn oder ginn.

Den nächsten Intervenant, Olivier Lepanto (Apdikter a Chef de projet Métier santé), huet d’eServices presentéiert, dorënner zwee Haaptprojeten - ePrescription an e-Imagerie - fir déi de Lancement vun de Piloten a Kierzt virgesinn ass. Hien huet och an den europäesche Programm CEF (Connecting Europe Facility) eHDSI agefouert, an d'Wichtegkeet vum grenziwwerschreidenden Austausch vum Patienteresumé an der ePrescription am Kader vun dësem Programm betount. Eise Kolleg Samuel Danhardt, Responsabel Interoperabilitéit, huet den Terminologieserveur EBX, de Projet “Maladies Infectieuses” vum Gesondheetsministère sou wéi d’Outile Gazelle an Art-Decor an hir respektiv Avantagë fir d’Editeure virgestallt.

Dono huet den Frédéric Markus, Responsabel Pôle ingéniérie médicale, aner wichteg Servicer wéi IdeoMed, RCP, den zukünftege Module de consentement, d’Applikatioun DispDoc sou wéi déi securiséiert Messagerie an déi securiséiert elektronesch Echangë via Regify/Regibox virgestallt. An zum Schluss vun der Versammlung huet d’Raffaella Vaccaroli, Phd a Molekularbiologie a Responsabel vum Pôle publications scientifiques et médicales, den Etat des lieux vum Service de pseudonymisation en Santé, sou wéi den zukünftegen elektroneschen Impfcarnet (CVE) presentéiert.

D’Agence eSanté seet allen Editeuren a Partner Merci fir hir Präsenz bei eisem Evenement.


►Link op d'Powerpoint Presentatioun, déi wärend der Versammlung projezéiert gouf


► Link op eng animéiert Presentatioun mat verschiddene Fotoen, déi wärend der Versammlung gemaach goufen