Verlängerung vum Ureiz fir RA/PID

National

D’Lafzäit fir den Opruff fir d’Referenzéierung am Zesummenhang mam Ureizschema fir Digitaliséierung, deen am Kader vum “Reboursement Accéléré (RA)“ a „Paiement Immédiat Direct (PID)“ – hei als RA/PID-Regelung bezeechent- ageleet gouf - gouf ëm 6 Méint verlängert.

médecin et patient

Fir d’Digitaliséierung am Gesondheetssecteur ze encouragéieren, a fir datt Dokteren/Zänndokteren a Patienten dovu kënne profitéieren, gouf decidéiert den Dispositf RA/PID (Remboursement accéléré/Paiement Immédiat Direct), dee fir d‘Gesondheetskeess  vun der Agence eSanté ëmgesat gouf, ëm 6 Méint ze verlängeren.

Dofir sinn d'Delaie fir den Opruff  fir d'Referenzéierungen am Zesummenhang mat dem sougenannten Dispositif RA/PID follgendermoosse geännert ginn:

  • Den Delai fir d’Ufroe vum Referenzéieren anzereechen ass op den 31. Mäerz 2025 festgeluecht ginn,
  • D'Deadline fir d'Demande fir de Paiement unzefroen, ass elo op den 30. Juni 2025 festgeluecht,
  • Den Dispositif leeft den 30. September 2025 definitiv aus.

Als Rappel, dësen Dispositif, deen de 25. Mee 2023 lancéiert gouf, sollt et erméiglechen mat der Gesondheetskeess, iwwer d'Agence eSanté,  den Deploiement vu Softwareléisungen ze beschleunegen, déi di verschidden technesch a funktionell Ufuerderunge respektéieren. Tatsächlech mussen d'Softwareléisungen, fir vum System ze profitéieren, d‘Viraussetzungen erfëllen, déi am „Dossier des spécifications de référencement (DSR)“ festgeluecht sinn an de Critèren an Ufuerderunge vum „Référentiel des exigences et critères de labélisation (RECL)“ entspriechen, an hei ënnen op der Säit fir ze siichten, erofgeluede kënne ginn.

Duerch des Mesuren, dréit d'Agence eSanté, e Forfait vun 625 € (TVA abegraff) no all nei Installatioun vun enger Softwareléisung, déi wéi am DSR an RECL opgelëscht ass, bäi, fir den Dokter/Zänndokter un de Service vum  „Remboursement accéléré (RA)“ oder  alternativ un de Service vum „Paiement immédiat direct (PID)“, unzeschléissen.

Fir datt eng Softwareléisung opgelëscht ass, muss se virdru mam DSR Label markéiert ginn.

De gewielte Mechanismus, ass dee vun engem oppenen an net-selektive System, deen den Industrielle keng Exklusivitéit gëtt, well se och d'Konditioune vum DSR respektéiere mussen.

All d‘Industriell, déi d'Konditioune vum oppenen an net-selektive Listingsystem erfëllen, kënne wärend der ganzer Lafzäit, Accès op de Schema kréien.

Informatiounen zum System a senger Funktiounsweis sinn iwwer dëse Link verfügbar.