Start vum "eSanté éischt Schrëtt" Pack fir nei Dokteren zu Lëtzebuerg

eSanté News

E Mëttwoch 19. Juni huet d'Agence eSanté am Kader vun hire "eSanté éischt Schrëtt" Pack
eng Serie vu Face-to-Face-Evenementer fir nei zu Lëtzebuerg etabléiert Doktere lancéiert

Experts de l'Agence et médecins

An dëser éischter Sessioun, déi op Franséisch ofgehale gouf, haten d'Dokteren d'Méiglechkeet sech mat den digitale Gesondheetsservicer, déi zu Lëtzebuerg zur Verfügung stinn, vertraut ze maachen, dorënner den elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé - DSP), den elektroneschen Impfpass (Carnet de vaccination Électronique - CVE) an dem « Paiement immédiat direct » (PID).

E Mataarbechter vun eisem Helpdesk war och op der Platz fir den Dokteren ze hëllefen hiren eSanté Kont z'aktivéieren, wat eng Noutwendegkeet ass fir dës Servicer kënnen ze benotzen. Um Enn vun der Sitzung krut all Dokter e Kit mat Kommunikatiounsmaterial fir hir Patienten.

Déi nächst Versammlung op Franséisch ass de 25. September 2024. Interesséiert Doktere kënnen sech iwwert dëse Link aschreiwen.

Mir organiséieren och Sessiounen op Däitsch. Klickt hei fir Iech unzemellen.

Méi Informatiounen iwwer eSanté Servicer? Klickt hei.