Réckbléck op den "myDSP on Tour"-Event mat der Patiente Vertriedung

Agence

E Mëttwoch, den 18. September 2024, huet d'Agence eSanté an Zesummenaarbecht mat der Patiente Vertriedung am Kader vun hirer Campagne "myDSP on Tour" en Informatiounsevenement organiséiert.
 

patiente

Dësen Event, geduecht fir d’Membere vun der Patiente Vertriedung, huet den elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé - DSP), a seng zentral Roll am Patient sengem Gesondheetsbetreiung, ervir gehuewen.

D'Participanten haten d'Méiglechkeet am Detail, d'Virdeeler vum DSP gewisen ze kréien, wéi e funktionéiert, a wéi eng Virdeeler et der medezinescher Versuergung bréngt.  Op der Versammlung gouf et e reegen Austausch an d'Méiglechkeet déi vill Froen, vun den uwiesenden Memberen ze beäntweren.

E grousse Merci un d'Patiente Vertriedung fir hir wäertvoll Zesummenaarbecht an un all Participante fir hiren Interessi.

Méi Informatiounen zum DSP fannt Dir hei