Réckbléck op d’Healthcare Week Lëtzebuerg

Evenementer

Den 1. an 2. Oktober huet d'Agence eSanté un der zweeter Editioun vun der Healthcare Week Luxembourg 2024 (HWL) deelgeholl, déi vun der Fédération des Hôpitaux Luxembourgeois (FHL) organiséiert gouf

Echange sur le stand

Dësen onëmgänglechen Event, deen an der LuxExpo The Box (Lëtzebuerg - Kierchbierg) stattfonnt huet, huet d'Gesondheetsacteuren zesummebruecht fir sech iwwert déi neist technologesch Innovatiounen auszetauschen.

D'Agence eSanté huet sech gefreet bei dëser Veranstaltung dobäi ze sinn, wou si hir Projete virstellen, a sech mat anere Gesondheetsacteuren austausche konnt. Dësen zweeten Event huet gewise wéi wichteg d‘Zesummenaarbecht an Innovatioun am Lëtzebuerger Gesondheetssecteur ass, besonnesch am Kontext vun de ëmmer méi digitaliséierte Gesondheetsservicer.

Ee vun den Highlights vun eiser Participatioun war d‘Interventioun vum Ian Tewes, Direkter vun der Agence eSanté, bei enger Diskussiounsronn mam Titel "IA en santé : le nouvel eldorado pour la création de valeur ?". Bei dëser Diskussioun huet hien  ënnerstrach wat d'Potenzial vun der kënschtlecher Intelligenz ass,  fir de Gesondheetssecteur ze transforméieren an d'Déngschtleeschtunge fir d‘Patienten ze verbesseren.

Um Rand vun der HWL, huet eise Generaldirekter dem Sender RTL och en Interview ginn, an deem hien iwwert d'Integratioun vun de medezinesche Biller (Röntgen- Scanner etc) an den elektronesche Gesondheetsdossier geschwat huet (Dossier de Soins Partagé -DSP).

 Link zum Interview

 All eis Eventer fannt dir hei