Re-Zertifizéierung ISO 27001 fir eise Managementsystem fir Informatiounssécherheet

Agence

Mir hunn de 26. Abrëll 2019, Bestätegung kritt, dass eise Managementsystem fir Informatiounssécherheet (ISMS) konform zur ISO 27001 Norm rezertifizéiert ass. Den Perimeter vun dëser Zertifizéierung ëmfaasst d’Realisatioun, den Deploiement, d’Exploitatioun an déi administrativ an technesch Verwaltung vun enger nationaler elektronescher Plattforme fir den Austausch an d’Deele vu Gesondheetsdonnéeën, souwéi liéiert Gesondheetsapplikatiounen an Informatiksystemer.

Re-Zertifizéierung ISO 27001 fir eise Managementsystem fir Informatiounssécherheet

Déi éischt Zertifizéierung vun eisem ISMS, déi 2016 accordéiert gouf, hat eng Gültegkeetsdauer vun dräi Joer, mir hunn also Ufank 2019 all eis Prozeduren a Politiken engem Auditprozess missen ënnerzéie loossen.

Dës ISO 27001 Zertifizéierung gouf vum Bureau Véritas, engem Weltleader an der Konformitéitsbewäertung an der Zertifizéierung gewäert. Si schléisst eng Demarche an dräi Etappen of: d’Pré-Evaluatioun vun de Politiken an d’Analyse vum interne legislative Kader, déi minutiéis Iwwerpréiwung vun eise Politiken a Prozesser um Site, a schlussendlech detailléiert Tester op der Plaz als Kontroll vun der effektiver Ëmsetzung vun eise Politiken a Prozeduren.

D'Zertifizéierung ass gëlteg fir eng Dauer vun dräi Joer – wärend där eng jäerlech Kontroll duerchgefouert gëtt - déi nächst integral Kontroll vun eisem ISMS steet also Ufank 2022 um Programm.