Presidencewiessel an eisem Verwaltungsrot

Agence

Op der Generalversammlung vun der Agence eSanté de 14. Juni 2023, hunn d'Membere vun der Agence eSanté en neie President vum Verwaltungsrot ernannt, d'Mandatszäite vun de Memberen a vum President sinn op en Enn gaangen

 

nouveau président

Neie President vun der Agence eSanté ass de Marc Hostert, Regierungsconseiller 1. Klass am Ministère fir Sozialsécherheet.

Den austriedende President, Christian Oberlé, huet a Berodung mat de Ministeren, déi d'Agence eSanté iwwerwaachen, d'Decisioun geholl, säi Mandat als President vun der Agence eSanté net ze erneieren.

Engersäits huet de konfliktsträchtegen Discours tëscht de verschiddenen Déngschtleeschter an de Membere vun der Agence eSanté an de leschte Méint kloer gewisen, datt d’Kombinatioun vun deenen zwou Responsabilitéiten, déi vum President vun der nationaler Gesondheetskeess (CNS) an déi vum President vum der Agence eSanté, zu Amalgamatiounen an Duercherneen gefouert huet, an net onbedéngt dozou bäidroen huet, datt eng gesond Relatiounen tëscht allen Acteuren nees méiglech gëtt.

Wärend dat duebelt Mandat virdeelhaft war fir d'Agence eSanté mat hire Servicer op d'Been ze stellen, gouf eng besser Trennung tëscht CNS an Agence eSanté fir d'Agence eSanté néideg. Déi wäert nämlech éischter eng féierend Roll an der Digitaliséierung am Beräich vun der Gesondheet a Sozialversécherung spillen a muss dofir an der Lag sinn, eng verbindend Roll fir d‘Interessigrupp ze iwwerhuelen.
 
Déi vill Erausfuerderungen, déi mat dëser Digitaliséierung verbonnen sinn, an am Sënn vun enger konstruktiver Partnerschaft ugaange musse ginn, mussen trotz enger besser Trennung tëscht de verschiddenen Acteuren autonom bleiwen. Et geet och drëms de Risiko vun engem Interessikonflikt auszeschléissen. Fir eng besser Transparenz ze garantéieren, ass an der Generalversammlung och eng Propose validéiert ginn, fir déi intern Reegelen iwwer Interessekonflikter ze änneren. Eng nei Prozedur ass an deem Sënn agefouert ginn.

Anersäits, well de wirtschaftleche Kontext matten an enger Polykris ass, wëll de President vun der CNS seng ganz Opmierksamkeet op d'finanziell Situatioun vun der CNS konzentréieren, déi en Defizit am Gesondheets- a Maternitésversécherung opweist, a sech zu engem strukturellen Defizit entwéckelt.

De President vun der CNS, a fréiere President vun der Agence eSanté, mengt et wier essentiel, sech an senger verbleiwender Amtszäit op Themen ze konzentréieren, déi direkt mat der CNS ze dinn hunn, mat Prioritéit op déi, déi zu engem méi effiziente Gesondheetssecteur bäidroen.

D'Membere vun der Agence eSanté hunn dem „Président sortant“ Merci gesot fir säin Engagement fir d'Agence eSanté, fir d'éischt als Member vum Verwaltungsrot a spéider als President, an hunn dem neie President gratuléiert.