Offizielle Lancement vun DISPODOC, der mobiller Applikatioun, déi an Echtzäit déi disponibel Dokteren uweist

Agence

Op der Pressekonferenz vum 2. Oktober 2018 huet d’Gesondheetsministesch Lydia Mutsch eng Rei Outil’en an Dispositiver fir ee besseren Zougang zur Gesondheetsversuergung an eng méi effikass Orientéierung vum Patient duerch de lëtzebuergesche Gesondheetssystem virgestallt.

Offizielle Lancement vun DISPODOC, der mobiller Applikatioun, déi an Echtzäit déi disponibel Dokteren uweist

Ee vun den Outil’en, déi bei dëser Geleeënheet lancéiert goufen, ass Dispodoc, eng gratis Applikatioun fir Smartphone, déi an Zesummenaarbecht mat der Agence eSanté an dem Cercle des Médecins Généralistes (CMG) entwéckelt gouf. Dispodoc erlaabt et, an Echtzäit déi Generalisten, déi an der direkter Ëmgéigend vum Patient op hunn, ze lokaliséieren, och ausserhalb vun den üblechen Ëffnungszäiten. Dës mobil Applikatioun ka gratis am App Store oder bei Google Play erofgeluede ginn.

Weiderhin huet d’Ministesch och verschidden nei Kommunikatiounsmëttel virgestallt, fir all Bierger ze erlaben, kloer Orientéierungspunkten iwwert déi verschidde Modalitéiten a medezinesch Betreiungsméiglechkeeten ze hunn.

Et handelt sech ënnert anerem em eng Broschür an een Depliant, déi d’Organisatioun vum lëtzebuergesche Gesondheetssystem sou wéi d'Smartphone App "SANTE.lu” beschreiwen.

Weider Informatiounen:

- Pressecommuniqué vum Gesondheetsministère
- Broschür «Le système de santé luxembourgeois»
- Depliant «Les soins médicaux au Luxembourg»
- Dispodoc: Affiche