Néit Kommunikatiounsmëttel ronderëm den DSP

Agence

D’Agence huet en zousätzlecht Kommunikatiounsmëttel ronderëm den Dossier de Soins Partagé (DSP): eng animéiert Presentatioun, déi di zentral Roll, déi den DSP am Dispositiv Referenzdokter spillt, ervirhieft.

Néit Kommunikatiounsmëttel ronderëm den DSP

Tatsaach ass, dass fir déi Patienten, déi vun engem Referenzdokter betreit ginn, well se un enger laangfristeger Krankheet (ALD) leiden, vun där d’Gravitéit an de chronesche Charakter eng laang undauernd Behandlung an eng ëmfangräich Koordinatioun verlaangen, opgrond vun der Interventioun vu méi Gesondheetsdéngschtleeschter, den Austausch vu Gesondheetsinformatiounen ëmsou wichteger ass. Déi animéiert Presentatioun weist, op wéi eng Weis den DSP als Relais fir Gesondheetsdonnéeën am Generellen, a besonnesch fir de Referenzdokter déngt. Duerch des Roll als Informatiounsrelais vereinfacht den DSP et de Referenzdokteren, hir am Artikel 19bis vum Sozialgesetzbuch spezifizéiert Missiounen ze erfëllen: d’Patientenfleeg koordinéieren an eng optimal medezinesch Betreiung assuréieren.

Déi animéiert Presentatioun wäert ënner anerem an de Waardezëmmer vun de Spideeler an ëffentleche Verwaltungen, wéi d’Caisse Nationale de Santé, virgefouert ginn. De Film gëtt och allen Partner an Acteuren aus dem Gesondheetssecteur, déi zur Kommunikatioun ronderëm den Dossier de Soins Partagé bäidroe wëllen, zur Verfügung gestallt. En kann zu dësem Zweck aus eiser Dokumentendatebank eropgeluede ginn.

Klickt w.e.g. hei, fir de Video ze gesinn.