Méintlech Publicatioun vum Bulletin "Cahier eSanté" fir méi Transparenz vun den eSanté Servicer zu Lëtzebuerg

Agence

Am Kader vun eisem Engagement fir Transparenz an Accessibilitéit vun den Donnéeën iwwer d’eSanté-Servicer, freeë mir eis matdeelen ze kënnen, datt mir e mol de Mount de Statistesche Bulletin " Cahier eSanté” publizéieren.
 

data

Dëst Dokument, dat elo fir jidderee zougänglech ass, bitt e reegelméissege Suivi vun de Schlësselzuele wat d’eSanté Servicer zu Lëtzebuerg ugeet, wéi den elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé - DSP), den elektroneschen Impfpass (Carnet de Vaccination Electronic - CVE) a vill anerer.

E Mol de Mount gëtt de “Cahier eSanté” online um offizielle Portal www.esante.lu op der Säit vun den eSanté Servicer publizéiert, esou wéi och op der nationaler Open Data Plattform data.public.lu.  Duerch Zesummeleeë vun aktuelle statisteschen Indicateuren, bitt dëse Bulletin en detailléierten Iwwerbléck iwwer d'Entwécklung vun den digitale Gesondheetsservicer.

De „Cahier eSanté“ ass eng wäertvoll Quell, fir den Impakt an d'Akzeptanz vun den digitale Gesondheetsservicer besser ze verstoen, engem schnell wuessendende Secteur, deen am Zentrum vun  eiser Visioun vun engem besser vernetzten a besser zougängleche Gesondheetsökosystem, steet.

Liest all nei Editioun a suivéiert d’Entwécklungen am Beräich vun der eSanté zu Lëtzebuerg!

Luet déi lescht Editioun vum Cahier eSanté, direkt hei erof