Lunchtalk mat de Gynekologen iwwer de CVE

Agence

E Mëttwoch, 27. Abrëll waren d'Gynekologen, déi zu Lëtzebuerg praktizéieren, am Kader vun der Generalisatioun vum elektroneschen Impfpass (Carnet de Vaccination Électronique - CVE), op e Lunchtalk invitéiert
 

Lunchtalk pour les gynécologues sur le CVE

Dësen drëtte Lunchtalk ass Deel vun enger Informatiounscampagne fir Gesondheetsberuffler, déi direkt mat Impfungen ze dinn hunn.

Bei dësem Event, organiséiert vun der Agence eSanté an Zesummenaarbecht mat der Direction de la santé, huet Dr. Françoise Berthet (Directeur adjoint vun der Direction de la santé), dëse neien digitale Gesondheetsservice mat senge ville Virdeeler, déi hien de Gesondheetsberuffler an de Patienten bitt, präsentéiert.

D’Equippe CVE vun der Agence huet dunn eng Live Demonstratioun gemaach an den Dr. Pit Duschinger (President vun der Société Luxembourgeoise de Gynécologie et d'Obstétrique) huet iwwer seng Erfarunge bericht. Duerno wor eng Fro an Äntwert Ronn.

D’Kannerdokteren an d’Generalisten, déi net un de viregten Lunchtalks konnten deelhuelen, haten d’Méiglechkeet un dëser Sëtzung deelzehuelen an domat all néideg Informatiounen iwwert dësen neien eSanté Service ze kréien.

Méi Informatiounen iwwer de CVE?

Luet eise Flyer erof oder gitt op d'FAQs.