Lëtzebuerg lancéiert éischten grenziwwerschreidenden elektroneschen Austausch vu Gesondheetsdonnéeën

Agence

Haut, zeechent sech Lëtzebuerg – zesummen mat der Tschechescher Republik – als Pionéier-Land aus, dat de grenziwwerschreidenden Austausch vum Patientenresumé innerhalb vun Europa am Kader vum europäesche Connecting Faciliy (CEF) Programm – eHealth Digital Services Infrastructure (eHDSI) (digital E-Health Servicer), CEF eHDSI starten dierf.

Lëtzebuerg lancéiert éischten grenziwwerschreidenden elektroneschen Austausch vu Gesondheetsdonnéeën

Konkret ausgedréckt bedeit dat fir Lëtzebuerg, dat ab elo, en europäeschen Patient, deen en Dokter wärend sengem Openthalt ze Lëtzebuerg consultéiert, dësen Service an Usproch huelen kann an esou froen kann, säi Patientenresumé mat dësem ze deelen. An enger éischter Phas kann den elektroneschen Transfert vum Patientenresumé fir de Patient, deen aus der Tschechescher Republik staamt, ausgefouert ginn, ab Juli dann och fir Patienten aus Portugal an aus Malta. Dono gëtt de Service no an no op d’Bierger vun de Memberstaaten, déi um CEF eHDSI Programm deelhuelen, ausgebreet.

Dësen éischten E-Health Service ass besonnesch ausgeluecht op déi schrëttweis Aféierung vun elektroneschen Austausch vun den zwee Aarte vun Dokumenter – dem Patientenresumé an der E-Prescription – innerhalb vun Europa, vereinfacht duerch den CEF eHDSI, deen déi national Kontaktstellen vun der E-Health (NCPeH – National Contact Point for e-Health) vun den Memberstaaten déi deelhuelen verbënnt. Fir Lëtzebuerg ass et d’Agence eSanté, déi de Roll vum héich gesécherten techneschen Portal iwwerhëlt an beoptraagt ass fir dësen Austausch, NCPeH genannt, auszeféieren.

Den elektroneschen grenziwwerschreidenden Austausch vum Patientenresumé an der E-Prescription gëtt schrëttweis an den 22 folgenden europäeschen Memberstaaten agefouert: Finnland, Estland, Tschechesch Republik, Lëtzebuerg, Portugal, Kroatien, Malta, Zypern, Griicheland, Belsch, Schweden, Éisträich, Italien, Ungarn, Irland, Polen, Däitschland, Frankräich, Spunien, Slowenien, Litauen, Holland.

Finnland an Estland sinn d’Pilotlänner, déi am Januar 2019, de grenziwwerschreidenden Austausch vun der E-Prescription an der E-Dispensation agefouert hunn. Zanter der Aféierung vum 21. Januar 2019 bis zum 5. Juni 2019, goufen mi wie 4.7OO E-Prescriptions an mi wie 2.100 E-Dispensations tëschent dësen zwee Länner ausgetauscht. Zanter Ufank dëser Wo h huet sech Kroatien dësem Kär vu Länner, déi den Austausch vun der E-Prescription ausféieren, ugeschloss.

Lëtzebuerg operéiert zanter haut den elektroneschen Transfert vum Patientenresumé vun engem auslänneschen Patienten no engem lëtzebuerger Dokter. Ab 2020, chargéiert sech d’Agence eSanté mat der Aféierung vun zwee weideren Applikatiounen:

- dem Envoi vum Patientenresumé vun engem lëtzebuerger Assuré un den Dokter, deen hien am Ausland consultéiert huet

- dem Envoi vun der E-Prescription – verschriwwen vun engem lëtzebuerger Dokter – un eng Apdikt an engem aneren europäeschen Land.

D’Aféierung vum grenziwwerschreidender elektronescher Austausch vum Patientenresumé an der E-Prescription soll zu enger besserer Betreiung vum Patienten bäidroen an eng sécher Fortsetzung vum Traitement an der Qualitéit iwwert d’Grenzen eraus ze vereinfachen.

Tatsächlech, andeems verschidden wichteg Gesondheetsinformatiounen elektronesch dem Dokter oder dem Apdikter an engem aneren europäeschen Land zur Verfügung gestalt ginn, erméiglecht dat den Traitement esou gutt wie méiglech ze verbesseren an soumat medezinesch Feeler viraus ze gesinn an zur Sécherheet vum Patienten bäidroen.

An wat nach mi wichteg ass, am Hibléck vum europäeschen Kontext: well d’Dokumenter an der Aarbechtssprooch vum Land, wou den Traitement ausgefouert gouf, an déi vum Land vun der Aschreiwung vum Patient iwwermëttelt ginn, ginn soumat potentiell Sproochebarrièren tëschent dem Patienten an dem Gesondheetsberuffler opgehuewen an esou eng besser Sécherheet garantéiert.

⇒ Klickt hei fir op de Message, deen op Twitter publizéiert gouf, zouzegräifen

⇒ Link zum Artikel, deen am Paperjam publizéiert gouf

⇒ Link zum Artikel, deen am L‘Essentiel publizéiert gouf

⇒ Link zum Communiqué, deen op dem Site gouvernement.lu publizéiert gouf