Konferenz EURO-CAS : ee kohärenten europäesche Schema fir Interoperabilitéitstester aféieren

Agence

Matdeelung un d’Editeuren an d‘Entscheeder vun Gesondheetsinformatiouns-Systemer: Schreift Iech an fir d’EURO-CAS Konferenz iwwert d’Aféiere vun engem kohärenten europäesche Schema fir Interoperabilitéitstester.

Konferenz EURO-CAS : ee kohärenten europäesche Schema fir Interoperabilitéitstester aféieren

Am Hibléck op déi steigend Unzuel vun operationellen eSanté Projeten a Programmer an den europäesche Memberstaaten a Regiounen, gëtt d'Interoperabilitéit vun de verschiddene Gesondheetsinformatiouns-Systemer een Thema vu kruzialer Bedeitung. Dëst ass de Grond firwat den europäesche Projet EURO-CAS den Conformity Assessment Scheme (CAS) (CASforEU) definéiert huet. Dëse Schema wäert innerhalb ganz Europa erlaben, d’Konformitéit vun den informatesche Gesondheetssystemer an Outil’en mat den e-santé Standarden a Profiller ze beleeën, wouduerch déi grenziwwerschreidend Connectivitéit favoriséiert gëtt an den Industriellen d’Noutwendegkeet vun der Duerchféierung vun Interoperabilitéitstester, en zäitintensiven an deieren Opwand, erspuert gëtt.

Op dëser Konferenz wäert den CASforEU Schema presentéiert ginn, sou wéi déi nächst Etappe fir seng Aféierung a séin Abetribhuelen innerhalb Europa an d’Virdeeler, déi en den Acteuren, dobäi abegraff de Patienten, de Gesondheetsberuffler a Fleegedéngschtleeschter, den Händler an den Ubidder vun Outilen am Beräich Gesondheetsinformatik, oder nach den nationalen/regionale sanitären Autoritéiten, wäert bréngen.

 Fir de Message och bei de Membere vun der internationaler Communautéit vum IT-Beräich Gesondheet
 HIMSS (Healthcare Information and Management Systems Society) ze verbreeden, huet eise Kolleg Samuel
 Danhardt een entspriechenden Artikel geschriwwen, deen op der Websäit vun HIMSS Europe publizéiert gouf
 (hei ze consultéieren).

Interesséiert un der EURO-CAS Konferenz deelzehuelen ? D’Aschreiwung fir d’Konferenz ass gratis. Klickt w.e.g. hei fir Iech unzemellen.

Klickt w.e.g. hei fir de provisoresche Programm ze visualiséieren.