Kënschtlech Intelligenz aus dräi Bléckwénkel an engem am Magasinn "Hospitalia" publizéierten themateschen Dossier

Agence

An der Editioun vu September 2018 huet de franséischen, op d’Spidolswiese spezialiséierte Magasinn "Hospitalia" dem Thema kënschtlech Intelligenz dräi interessant Artikelen dediéiert.

Kënschtlech Intelligenz aus dräi Bléckwénkel an engem am Magasinn

Den éischten Artikel mam Titel "L’intelligence artificielle, avenir de la radiologie” (“Kënschtlech Intelligenz, d’Zukunft vun der Radiologie”) geet op den ambitionéierte Projet vun engem Ekosystem am Beräich kënschtlech Intelligenz fir medezinesch Bildgebung, gedroe vum Conseil Professionnel de la Radiologie française, an.

Dësen Ekosystem géif et erlaben, der Entwécklung vun der Technologie vun der kënschtlecher Intelligenz, déi momentan op lokalem Niveau a wëssenschaftlechen - a Fuerschungsprojet’en ënnersicht gëtt, eng national a kollektiv Dimensioun ze ginn. Kënschtlech Intelligenz wëll een Entscheedungshëllefs-Instrument ginn an ee Produktivitéitsgewënn op einfachen Ënnersichunge bidden, fir de Professionellen sou ze erlaben, sech op déi komplex Fäll ze konzentréieren a méi präsent fir hir Patienten ze sinn.

Hei fannt Dir de ganzen Artikel.

Den zweeten, "L’intelligence artificielle, entre promesses et garde-fous” (“Déi kënschtlech Intelligenz, tëschent Verspriechen a Sécherheetsmoossnamen") riicht de Fokus op den der Thematik dediéierten Aarbechtsgrupp vun der FEHAP – Fédération des établissements hospitaliers et d’aide à la personne.

Dësen Aarbechtsgrupp ass gegrënnt gi fir d'Entwécklung vu Léisungen ze ënnerstëtzen, déi fir d’Allgemengwuel geduecht sinn, an déi kennen am Moossstaf vum Gesondheetssystem duplizéiert ginn. De Jean-François Goglin, nationale Beroder fir Gesondheetsinformatiounssystemer vun der Federatioun ass iwwerzeegt, dass Innovatioun virun allem eng Astellungssaach ass, an dass déi ganz Fro dora besteet, ze wëssen, bis wouhinner mir net wëlle goen am Beräich kënschtlech Intelligenz.

Hei fannt Dir de ganzen Artikel.

Schlussendlech, den Artikel "Quelle gestion des données pour une intelligence artificielle fiable?” (Wéi eng Donnéesgestioun fir eng zouverlässeg kënschtlech Intelligenz?") illustréiert d'Wichtegkeet vun enger Gestioun vu qualifizéierten an duerch Kohorte quantifizéierten Donnéeën, d’Basis fir Léisungen an Applikatiounen, déi déi kënschtlech Intelligenz benotzen, an déi sech an enger wierklech klinescher Approche aschreiwen. Devise: "Déi eigentlech Erausfuerderung ass net, séier ze maachen, mä et gutt ze maachen."

Hei fannt Dir de ganzen Artikel.