Interview mat eisem Generaldirekter am Magasinn Smart Cities Luxembourg

Agence

An engem Interview, deen am Magasinn Smart Cities Luxembourg (Editioun vum Abrëll 2019) publizéiert gouf, schwätzt eise Generaldirekter, den Hervé Barge, iwwert déi verschidde Servicer vun der nationaler eSanté Plattform an hir Roll am interconnectéierte Gesondheets-Ekosystem, national souwéi international.

Interview mat eisem Generaldirekter am Magasinn Smart Cities Luxembourg

D’Themen, déi am Artikel "Dématérialiser les données de santé” ugeschwat ginn, betreffen ënner anerem d'Generaliséierung vum DSP, déi deemnächst erwaart gëtt, d’Ambitioun fir Liewen duerch d’Technologie ze retten, d’Patienten- an Datesécherheet, d'Aarbecht op der Donnée an déi international Ouverture vun der Agence via den europäesche Programm CEF – Connecting Europe Facility.

Dësen Interview gouf no der Interventioun vum Här Barge de 6. Mäerz 2019 um internationale Symposium « L’Avènement des Villes intelligentes, Enjeux, défis, pratiques et impact sur la gouvernance publique », deen um Campus Belval vun der Universitéit Lëtzebuerg ofgehale gouf, realiséiert. Klickt op dëse Link fir d'Aktualitéit iwwert dëse Symposium ze liesen.

Consultéiert de Magasinn "Smart Cities Luxembourg", andeems Dir op dëse Link klickt.