Interview mam Hervé Barge am Télécran vum 22. August 2018

Agence

Fir seng Editioun vum 22. August 2018 huet den Télécran - de Familljemagasinn Nummer 1 vun de lëtzebuergesche Wochenzäitschrëften - eise Generaldirekter, Här Hervé Barge, iwwert déi national Plattform fir eSanté Servicer a speziell iwwert den elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé - DSP) befrot.

Interview mam Hervé Barge am Télécran vum 22. August 2018

 

An sengem Artikel mam Titel "Die Patienten-Zukunft ist digital" schwätzt de Chefredakter Fern Morbach déi Problemer an déi fatal Situatiounen un, déi am medezinesche Beräich wéinst Mëssverständnesser opgrond vun enger Pabeierkommunikatioun entstoe kënnen (handgeschriwwen onlieserlech Dokumenter, Gesondheetsdonnéeën, déi onzougänglech sinn, well hire Stockage sech op de medezineschen Dossier an der Praxis vum Gesondheetsdéngschtleeschter beschränkt) an d'Léisung fir dës Problemer, déi den elektronesche Gesondheetsdossier, dee vun der Agence eSanté zur Verfügung gestallt gëtt, duerstellt.

 

Klickt op dëse Link, fir den Artikel "Die Patienten-Zukunft ist digital" ze liesen.