Interview mam Hervé Barge am Magazin « ICT Experts »

Agence

Eise Generaldirekter, Hervé Barge, ass fir déi 5. Editioun vum Magazin ICT Experts, erausgi vu POST Telecom a geriicht un Spezialisten aus der ICT Welt, befrot ginn. Dat zentraalt Thema vun dësem Austausch war d’Wichtegkeet vun der Verfügbarkeet, der Vertraulechkeet an der Sécherheet vun de Gesondheetsdonnéeën, déi vun deene verschiddene Servicer vun der eSanté Plattform vun der Agence eSanté behandelt ginn.

Interview mam Hervé Barge am Magazin « ICT Experts »

Am Artikel huet den Här Barge déi verschidde Schrëtt a Moossnamen ugeschwat, déi d’Agence ëmgesat huet fir dësen noutwennegen héijen Niveau u Sécherheet a Schutz vun Donnéeën ze bidden, a fir sou d’Vertraue souwuel vun de Medeziner wéi och vun de Patienten, déi eis hir Donnéeën uvertrauen, ze kréien an oprecht ze erhalen.

Ausserdeem huet hien drop higewisen, datt dës selwecht Erausfuerderunge fir d’HealthNet-Netzwierk gëllen, dat vun der Agence eSanté exploitéiert gëtt, en gesécherten Intranet, deen d’Spideeler souwéi d’Gesondheetsetablissementer an déi liberal Gesondheetsberuffler interconnectéiert, deen als eenzeg Kontaktstell fir den Austausch vu medezineschen Donnéeën op eng geséchert Manéier fonctionnéiert an hinnen erlaabt, op spezialiséiert Applikatiounen, wéi zum Beispill d’Zweetbeuerteelung an d’Koordinatioun vum Mammographieprogramm, zouzegräifen.

Hien huet drun erënnert, dass et d'Erausfuerderung vun der eSanté Plattform an dem Healthnet-Netzwierk ass, fir ee bessert Deele vun Informatiounen tëschent de Gesondheetsberuffler ronderëm dee selwechte Patient ze erlaben, an dëst fir eng optimal Betreiung ze bidden an sech virun dramatesche Feeler ofzesécheren, déi kenne vermidde ginn, wann all Gesondheetsacteur déi richteg Informatioun zum richtege Moment huet.

Klickt w.e.g. hei fir den integralen Artikel ze consultéieren.