Interventioun vun eisem Generaldirekter op enger thematescher Konferenz vun den Hôpitaux Robert Schuman

Agence

De Freideg, 9. Mäerz 2018, huet eise Generaldirekter, Hervé Barge, op der Konferenz déi vun den Hôpitaux Robert Schuman organiséiert gouf, intervenéiert.

Interventioun vun eisem Generaldirekter op enger thematescher Konferenz vun den Hôpitaux Robert Schuman

Dës thematesch Konferenz “Récupération Améliorée Après Chirurgie - Virage vers l’ambulatoire”, organiséiert ënnert dem Patronage vum Gesondheetsministère, gouf offiziell duerch eng Erëffnungsried vun der Gesondheetsministesch, Lydia Mutsch, an eng Begréissungsried vum Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman, dem Dr Claude Schummer, erëffnet.

Déi verschidde Presentatiounen, déi gehale goufen, hu verschidden Aspekter beliicht, déi de Recuperatiounsparcours vun engem Patient, deen eng chirurgesch Interventioun erfuer huet, potentiell beaflossen. Zu den Intervenant’en konnt een also – nieft de verschiddenen Dokteren, déi fir de Groupe Hôpitaux Robert Schuman schaffen - eise Generaldirekter Hervé Barge zielen. Duerch seng Presentatioun huet hien de Méiwäert vum Dossier de Soins partagé fir de Recuperatiounscircuit no enger chirurgescher Interventioun ervirgehuewen, dëst duerch seng Roll als Informatiounsrelais, deen den Austausch tëscht de Gesondheetsberuffler, déi um Parcours vun der medezinescher Versuergung vum Patient bedeelegt sinn, vereinfacht.

D'Presentatioun wéi och eisen Ausstellungsstand sinn duerch d'Präsenz vum Pitti, eisem digitalen Assistent, deen och des Kéier erëm d’Häerzer vun allen Uwiesenden erobert huet, markéiert ginn.

Hei fannt Dir d'Presentatioun vum Här Barge.