Interventioun vun eisem Generaldirekter op enger Table Ronde an Algerien

Agence

De Sonnden 28 Oktober 2018 huet eng international Konferenz ronderëm déi national e-Santé Strategie an der Stad Alger stattfonnt, un där 35 Spezialisten aus ënner anerem Algerien, Frankräich, Lëtzebuerg, der Belsche an dem vereente Kinnekräich deelgeholl hunn.

Interventioun vun eisem Generaldirekter op enger Table Ronde an Algerien

An deem Kontext ass den Hervé Barge, Generaldirekter vun der Agence eSanté, intervenéiert fir de juristesche Kader an d’Ëmsetzung vun der nationaler e-Santé Strategie zu Lëtzebuerg, souwéi d'Aféierung vum DSP (Dossier de Soins Partagé) virzestellen.

D’Participanten un der Table ronde, ob Vertrieder vu Spideeler, der Weltgesondheetsorganisatioun oder nach algeresche Staatsentitéiten, wéi dem Ministère fir Gesondheet, Populatioun a Spidolsreform, oder nach dem Ministère fir Aarbecht, Beschäftegung a Sozialsécherheet, si all hunn den Erfarungs- an Expertiseaustausch, deen duerch dës Konferenz erméiglecht gouf, staark appreciéiert.

Wëllt Dir informéiert bleiwen iwwert dat, wat zu Lëtzebuerg an um internationalen Niveau am Beräich vun der Entwécklung vun der digitaler Gesondheet realiséiert gëtt ? Abonnéiert Iech op eis generell Newsletter andeems Dir op dëse Link klickt, oder consultéiert déi op eisem Internetsite publizéiert Aktualitéiten.