Interventioun vun eisem Generaldirekter, Hervé Barge, op enger internationaler Konferenz

International

Vum 4. bis de 6. Mee 2022 gouf zu Tallinn (Estland) déi 16. International ISSA Konferenz iwwer Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologie an der Sozialversécherung ënner dem Motto "Digital Transformatioun fir flexibel a clientorientéiert Sozialversécherung" ofgehalen. Eise Generaldirekter, Hervé Barge, huet e Bäitrag iwwer de Schutz géint Cyberattacken virgedroen

Intervention de notre directeur général, Hervé Barge, à une conférence internationale

Dës weltwäit Konferenz bitt eng eenzegaarteg Geleeënheet fir d'Méiglechkeeten an Erausfuerderunge fir Sozialversécherungsinstituter am Ëmgang mat Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien (IKT) ze analyséieren a mat Experten aus dësem Beräich doriwwer ze diskutéieren.  

Un dësem Event hunn iwwer 400 Generaldirekteren, IT Manager an IKT Spezialisten aus Sozialversécherungsinstituter an internationalen Organisatiounen deelgeholl. Den Hervé Barge, huet um Programm deelgeholl fir déi recommandéiert Schutzmoossnamen ze presentéieren, déi am beschten géint all Form vu Cyberattacke schützen.

Klickt hei fir méi Detailer.