Interventioun vum Hervé Barge zu Genf op der Konferenz GISEH

Agence

«Spannend Presentatioun vum Hervé Barge iwwert d'Aféierung vum Patientendossier zu Lëtzebuerg. Eng richteg Inspiratiounsquell fir d'Romandie (franséischsproocheg Schwäiz), wéi et eis schéngt ». Esou huet de Representant vun der Societéit Soleus Health Care d'Interventioun vun eisem Generaldirekter op der Konferenz GISEH 2018 kommentéiert.

Interventioun vum Hervé Barge zu Genf op der Konferenz GISEH

Dës Konferenz mam Numm «Les Systèmes, les réseaux et les établissements de santé en quête de performance» (Systemer, Netzwierker a Gesondheetsetablissementer, déi bestrieft sinn, hir Leeschtungen ze verbesseren) huet verschiddenen Intervenanten d’Geleeënheet ginn, hir Erfarungen a Meenungen zu de verschiddenen Aspekter (Planung, Finanzéierung, Kooperatioun, Prozess, ...), déi zur Leeschtungsverbesserung bäidroe kennen, ze deelen. Dobäi ënnert anerem eise Generaldirekter, deen eng Presentatioun zum Sujet "Agrégation des données, sécurité et diagnostic automatisé: développement du domaine de l'eSanté au Luxembourg - plate-forme nationale de services eSanté" (Datenagregatioun, Sécherheet an automatiséiert Diagnostik: Entwécklung vum eSanté Beräich zu Lëtzebuerg – déi national eSanté Déngschtleeschtungsplattform) ginn huet. Dir kennt d’Presentatioun consultéieren, andeems Dir hei klickt.

Fir méi Informatiounen zu GISEH 2018, klickt w.e.g. hei.