Integréiert digital Gesondheet: d‘Agence eSanté vereinfacht de Leit mat visuelle Problemer den Zougang op hiert Portal

Agence

D‘Agence eSanté huet viru kuerzem eng Rei vu Moossname ëmgesat fir den Zougang op säi Portal fir Leit mat visuelle Problemer ze vereinfachen
 

homme devant son ordinateur sur le portail eSante avec icône accessibilité pour personnes à problèmes visuels


Dës nei Initiativen weisen de kontinuéierlechen Engagement vun der Agence fir de gläichen Zougang zu den eSanté Servicer fir all Bierger ze garantéieren, onofhängeg vun hire visuelle Fäegkeeten.
 
Eng vun de Haaptverbesserungen ass d'Inclusioun vu speziellen Hëllefstechnologien fir Leit mat visueller Behënnerung. D'Agence huet e performante Bildschierm Lieser implementéiert, deen et de Benotzer erlaabt méi einfach am Portal ze navigéieren, andeems Textinhalter a Stëmmsynthèse konvertéiert ginn. Dëst erlaabt blannen a visuell beanträchtegt Persounen, den Zougang zu de wichtegsten Informatioune, wéi Neiegkeeten, Informatioun iwwer eSanté Servicer an aner verfügbar Ressourcen.
 
Zousätzlech huet d'Agence Schrëtt ënnerholl  fir Online Formulairen méi zougänglech ze maachen. D'Benotzer kënnen elo Bildschiermlieser Tools benotze fir déi néideg Formulairen auszefëllen ouni op gréisser Hindernisser ze stoussen.
 
Si huet och mat Experten fir Accessibilitéit geschafft fir de Faarfkontrast an d'Liesbarkeet vun der Schrëft  op hirem Portal ze verbesseren. Dank dëse visuellen Upassunge kënne Leit mat visuelle Behënnerungen oder visuelle Stéierunge méi einfach navigéieren a hu méi liichten Zougang zu wichteg Informatiounen.
 
Dës éischt Initiativen, weisen den Engagement vun der Agence fir en inklusiivt Online Ëmfeld fir all Bierger ze erstellen. D'Agence wëll et awer net dobäi loossen a plangt an Zukunft weider Ëmsetzungen vu Verbesserungsmoossnamen.