![DSP](/portal/lu/media-images/39/le-dsp.png)
Ären elektroneschen, perséinlechen an gesécherte Gesondheetsdossier
- deen Är weesentlech Gesondheetsdonnéeë regroupéiert
- wourop nëmmen Dir selwer, wéi och Gesondheetdéngschtleeschter, déi vun Iech en Zougrëffsrecht kritt hunn, kënnen zougräifen
- deen zum Suivi an zu der Koordinatioun vun Ärer Betreiung bäidréit
- deen eng optimal Prise en charge erméiglecht, an dozou bäidréit, onnéideg medezinesch Behandlungen ze vermeiden
- kann esoguer Ärt Liewe retten am Fall vun enger Urgence
D'Virdeeler vum DSP
All Är weesentlech Gesondheetsdonnéeë sinn op enger eenzeger Plaatz regroupéiert, an doduerch :
- braucht Dir se nett méi ze memoriséieren, oder Ären Dossier vun engem Dokter bei den aneren matzehuelen
- kënnt Dir, wann Dir bei en aneren Dokter gitt, him direkt en Accès op Ären DSP ginn
- kann, am Fall vun enger Urgence, den DSP esoguer Ärt Liewe retten
► Aktivéiert Ären eSanté Kont fir op Ären DSP zouzegräifen
![Den DSP](/portal/lu/media-images/886/dsp-pic-famille.jpg)
![Telephone entre les mains](/portal/lu/media-images/882/visuel-3b-1-.png)
Är Gesondheetsdonnéeën ëmmer bei der Hand mat der myDSP App
Mat der myDSP App, déi Dir op Äre Smartphone luede kënnt, hutt Dir déi folgend Méiglechkeeten:
- den Inhalt vun Ärem DSP ze consultéieren
- en Dokument ze deelen/ eraus ze drécken
- engem Gesondheetsberuffler Zougang ze gewäerden
- iwwerpréiwen wien op Är Daten zougegraff huet
► Am AppStore eroflueden
► Op GooglePlay eroflueden
![logo myDSP](/portal/lu/media-images/889/logo-mydsp.jpg)