Fokus op der digitaler Innovatioun am Gesondheetssekteur am CAPE

Informatiounsversammlung

Den Donneschdeg, den 20. Mäerz 2025, huet d'Agence eSanté eng Informatiounsversammlung am Centre des Arts Pluriels Ettelbréck (CAPE) ofgehalen, déi eng grouss Unzuel vun Dokteren aus dem ganze Land ugezunn huet
 

Salle avec médecins présents et membre de l'Agence qui présente

Dësen Event ass Deel vun enger Serie vun Initiativen, déi d'Gesondheetsberuffler iwwer déi digital Tools, déi schonn zu Lëtzebuerg operationell sinn, z‘informéieren. Wärend dëser Versammlung hunn d'Spriecher vun der Agence den elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé - DSP), den elektroneschen Impfpass (Carnet de Vaccination Électronique - CVE), de Paiement Immediat Direct (PID) an den EHDS (European Health Data Space) virgestallt. Bei enger Froen-Äntwerten-Ronn hunn eis Experten sech Zäit geholl fir d'Froe vun de Participanten ze beäntwerten. Dës haten och d'Geleeënheet mat hinne bei engem Patt, deen den Owend ofgeschloss huet, ze schwätzen.

Wëllt Dir bei den nächsten Eventer vun der Agence eSanté dobäi sinn?
Kuckt eise Kalenner fir méi Detailer.