Mët 23 Okt
Formatioun

Informatiounsversammlung iwwer digital Gesondheetsservicer fir Gesondheetsberuffler

Den 23 Oktober 2024
Centre des Arts Pluriels Ettelbruck (CAPE) / 1 Pl. Marie-Adélaïde, 9063 Ettelbruck ab 19h00

D'Agence eSanté organiséiert eng Rei vun Formatiounen fir Gesondheetsberuffler am ganze Land. Wärend dëse Versammlungen,  wäert se hier schonn operationell Servicer, den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP) an den elektroneschen Impfpass (CVE), méi detailléiert erklären, an och iwwer zukünfteg nei Servicer informéieren.

Sidd Dir e Gesondheetsberuffler a wëllt un dëser Versammlung deelhuelen?
 Da fëllt w.e.g. dëse Formulaire aus.