Entdeckungen an Austausch um Salon Nexus 2050 zu Lëtzebuerg

Agence

D'Agence eSanté hat de Pleséier um Salon Nexus 2050 deelzehuelen, deen e Mëttwoch dem 26. an Donneschdeg 27. Juni an der Luxexpo The Box (Lëtzebuerg - Kierchbierg) stattfonnt huet

Découvertes et échanges au Salon Nexus 2050 à Luxembourg

Wärend deenen zwee Deeg hate verschidde Mataarbechter vun eiser Ekipp op eisem Stand, d’Geleeënheet mat e puer Visiteuren a Fachleit aus dem Secteur ze schwätzen. Dës Gespréicher hunn eis et erméiglecht eis technologesch Fortschrëtter ze deelen an iwwer opkommend Trends an der digitaler Gesondheet ze diskutéieren.

Mir soe jidderengem Merci deen eis besicht huet an zum Erfolleg vun dëser Editioun vun Nexus 2050 bäigedroen huet.

Fir déi, déi net konnten um Event deelhuelen oder méi Informatiounen iwwer eis digital Gesondheetsservicer wëllen, gitt w.e.g. op eis Rubrik "eSanté Servicer" oder kontaktéiert eisen Helpdesk um Telefon (+352) 27 12 50 18 33 oder per E-Mail op helpdesk@esante.lu.