Ënnerschreiwe vum Partnerschaftsofkommes tëscht der Agence eSanté an dem INCCI

Agence

Den 11. Januar 2018 hunn d’Agence eSanté an den Institut National de Chirurgie Cardiaque et de Cardiologie Interventionnelle (INCCI) e Partnerschaftsofkommes fir d'Asetze vum elektronesche Gesondheetsdossier - Dossier de Soins Partagé (DSP) an der Pilotphase ënnerschriwwen. D’ Ofkommes ass an de Raimlechkeete vum INCCI vum Dr Arnaud Charpentier, Direkter vum INCCI, a vum Här Hervé Barge, Generaldirekter vun der Agence eSanté, ënnerschriwwe ginn.

Ënnerschreiwe vum Partnerschaftsofkommes tëscht der Agence eSanté an dem INCCI

Den INCCI, deen 1997 gegrënnt ginn ass, ass den nationale Referenzzenter fir déi invasiv Behandlung vun Häerzerkrankungen. Dëst spezialiséiert Spidol vereent op engem eenzege Site spezialiséiert Häerzdokteren, Häerzchirurgen, Interventiounskardiologen a Reanimatiounsanästhesisten, mam Ziel déi beschtméiglech koordinéiert Betreiung fir Patiente mat enger Häerzkrankheet ze bidden.

Des Ënnerschrëft markéiert eng wichteg Etappe an der Zesummenaarbecht tëscht eisen zwee Etablissementer, déi viséiert, de gesécherten Austausch vu Gesondheetsdonnéeën tëscht dem informatesche Patientendossier, dee vum INCCI gefouert gëtt, an dem Dossier de Soins Partagé (DSP), dee vun der Agence eSanté ageriicht gouf, ze realiséieren.

Den DSP ass de perséinleche gesécherten elektronesche Gesondheetsdossier vum Patient, zougänglech fir de Patient a fir d’Gesondheetsberuffler, déi hie betreien an deenen de Patient en Zougangsrecht ginn huet. En zentraliséiert all déi essentiell Gesondheetsinformatioune vum Patient a vereinfacht sou eng besser Koordinatioun vu senger Betreiung.

Mam Ënnerschreiwe vun dësem Partnerschaftsofkommes ass de Startschoss ginn fir d’Schnëttstellaarbechten um Informatiounssystem, dee vum INCCI benotzt gëtt, fir d’Connectioun mat der eSanté-Plattform ze erméiglechen, a fir eng uschléissend Sécherheetskonformitéits-Testphase, déi zur eSanté Plattform-Konformitéitsbestätegung duerch d’Agence eSanté féiert. Dës Konformitéitszertificatioun declenchéiert dann de Start vum Austausch vu Gesondheetsdonnéeën.

 

Fir méi Informatiounen iwwert den INCCI, klickt w.e.g. hei.

Fir méi Informatiounen iwwert den Dossier de Soins Partagé (DSP), klickt w.e.g. hei.