Ënnerschreiwe vum Partnerschaftsofkommes fir de Logiciel IdeoMed mat Omega 90

Agence

D’Agence eSanté huet e Partnerschaftsofkommes fir de Logiciel Ideomed – applikativ Léisung fir d’Gestioun vum informatiséierte Patientendossier – mat der lëtzebuergescher Associatioun fir d’Promotioun vun der Palliativversuergung an der Trauerbegleedung Omega 90 ënnerschriwwen.

Ënnerschreiwe vum Partnerschaftsofkommes fir de Logiciel IdeoMed mat Omega 90

Dëst Partnerschaftsofkommes gouf de 5. Dezember 2018 an de Raimlechkeete vun der Agence ënnerschriwwen. Den Omega 90 Zentrum gouf vun der Madamm Christine DAHM, Generaldirektesch, souwéi dem Här Fabian WEISER, Verwaltungs- a Finanzdirekter vertrueden. Fir d'Agence eSanté war den Ënnerzeechner den Här Hervé BARGE, Generaldirekter, dee vun der Madamm Raffaella VACCAROLI, Beoptraagt fir Projeten am Beräich Gesondheetsberuffer a Veraarbechte vu medezineschen Daten, an dem Här Olivier LEPANTO, Projetsmanager am Beräich Gesondheetsberuffer, begleet gouf.

D’Associatioun Omega 90, déi 1990 gegrënnt gouf, huet als Ziel "Initiativen ze fërderen, déi d’Begleede vu Persounen ustriewen, déi un schwéiere Krankheete leiden, déi stierweskrank sinn, vun hirem Entourage esou wei vun trauernde Persounen." Et ass besonnesch fir Persounen, déi am Zentrum fir Palliativversuergung Haus Omega, deen zanter Enn 2010 zu Lëtzebuerg-Hamm besteet, betreit ginn, dass si den Outil Ideomed benotze well.

D'IdeoMed Applikatioun, e Service deen d'Agence op Ufro vu lëtzebuergesche Gesondheetsetablissementer ouni technesch Plattform proposéiert, bitt de Virdeel, interoperabel mat der eSanté Plattform an dem Dossier de Soins Partagé – dem elektronesche Patientendossier ze sinn, a vereinfacht esou den Austausch an d’Deele vu Gesondheetsinformatioune vun de betraffene Patiente mat de Gesondheetsberuffler, déi an hire Fleegeprozess involvéiert sinn.

Fir d’Mataarbechter vum Haus Omega beschtméiglech beim Abetribhuele vum Logiciel ze begleeden, bidden d’Mataarbechter vun der Projetsequipe vun der Agence eSanté hinnen e funktionellen an organisatoresche Support an organiséiere Schoulungssëtzungen op hirem Site.

Fir weider Informatiounen, kontaktéiert w.e.g. den Här Frédéric MARKUS, Verantwortleche vum Pôle Medezintechnik. (+352) 27 12 50 840.