Eng nëtzlech Zesummenaarbecht fir Parkinsonpatienten

eSanté News

D'Agence eSanté schafft mat ParkinsonNet Lëtzebuerg zesumme fir d'Liewensqualitéit vu Leit mat Parkinson, mëttels enger kollaborativer Approche vun der Betreiung, ze verbessere

Une collaboration bénéfique pour les patients atteints de la maladie de Parkinson

Am Kader vun dëser Zesummenaarbecht huet d'Agence véier Informatiounsowender fir Gesondheetsspezialisten, déi zum Kompetenznetz "ParkinsonNet" fir neurodegenerative Krankheete gehéieren, organiséiert. D'Zil vun dësen Eventer war et d‘Neurologen, Physiotherapeuten, Ergotherapeuten a Logopäden, déi fir Uert waren, iwwer d'Virdeeler an d'Wichtegkeet vum elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé - DSP) bei der Iwwerwaachung an der Behandlung vun dëser komplexer Krankheet ze sensibiliséieren.

Dës Sessiounen hunn net nëmmen zu engem bessere Verständnis vum DSP bäigedroen, mee och d‘ interdisziplinär Zesummenaarbecht tëscht de verschiddene Gesondheetsspezialisten gefërdert, a sou en Ëmfeld gestallt dat eng integréiert a personaliséiert Betreiung fir Leit mat Parkinson erméiglecht.

D‘Agence eSanté a ParkinsonNet Lëtzebuerg bekräftege soumat hiert gemeinsaamt Engagement fir eng kontinuéierlech Verbesserung vun der Gesondheetsversuergung mat Fokus op Innovatioun, Zesummenaarbecht a Wuelbefanne vum Patient.

Sidd Dir e Gesondheetsberuffler a wëllt méi iwwer den DSP gewuer ginn?
Klickt hei.