Ëmfro zum DSP

Agence

Mat méi wéi 50.000 operationellen elektronesche Gesondheetsdossieren – Dossiers de Soins Partagés -, déi am Ganze méi wéi 145.000 Dokumenter enthalen, huet d'Agence et als opportun ugesinn, eng Zefriddenheetsëmfro bei engem zoufälleg ausgewieltem Echantillon vun DSP Besëtzer duerchzeféieren.

Ëmfro zum DSP

Si huet dofir d‘Sociétéit TNS-Ilres beoptraagt, fir eng Ëmfro ze realiséieren, mam Zil, d'Meenung vun den DSP Besëtzer zu dësem neien Online-Gesondheetsservice gewuer ze ginn, sou wéi och déi zefriddestellend Elementer an d'Schwieregkeeten, déi potentiell opgetruede sinn. D'Haaptzil ass et eis ze hëllefen, d'Qualitéit vun dësem Service fir all d’Benotzer ze verbesseren, wat dem staarke Wëlle vun der Agence entsprécht an eng iewescht Prioritéit duerstellt.

Consultéiert hei d’Resultater, déi eng däitlech Wäertschätzung vum DSP erëmginn.