Eise Kolleg H. Zimmermann gouf an engem Artikel iwwert de grenziwwerschreidenden Austausch vum Patienteresumé zitéiert

Agence

 “Transformer les systèmes de santé à la façon européenne”, et ass ënnert dësem Titel, dass den am e-Magasin HIMSS Insights vum Mee 2019, editéiert vun der Healthcare Information and Management Systems Society (HIMSS), publizéierten Artikel déi verschidden duerchgelafen Etappen, déi zum grenziwwerschreidenden elektroneschen Austausch vum Patienteresumé an der e-Prescription innerhalb Europa ënnert dem europäesche Programm CEF eHDSI (Connecting Europe Facility eHealth Digital Services Infrastructure) gefouert hunn, beschreift.

Eise Kolleg H. Zimmermann gouf an engem Artikel iwwert de grenziwwerschreidenden Austausch vum Patienteresumé zitéiert

Wann den Echange vun der e-Prescriptioun sech säit Januar vun dësem Joer tëschent Finnland an Estland konkretiséiert huet, gëtt dee vum Patienteresumé an deenen nächste Woche vu Lëtzebuerg an der tschechescher Republik pilotéiert. Aner europäesch Länner wäerte schrëttweis dem Austauschreseau, deen déi national Kontaktpunkte fir d’e-santé (d’NCPeH) reliéiert, bäitrieden, mam Ziel bis Enn 2021, dass 22 europäesch Memberstaaten dëse grenziwwerschreidenden Austausch vun engem Patienteresumé an/oder enger e-Prescription assuréieren.

Consultéiert hei den integralen Artikel (op der Säit 25), fir méi iwwert d‘Elementer gewuer ze ginn, déi zu dëser Interconnectivitéit  vun de veschiddene Gesondheetsinformatiounssystemer innerhalb Europa bäigedroen hunn.