Eise Generaldirekter deelt seng Visioun iwwer d'Roll vun der e-Santé an der „Intelligenter Stad“

Agence

De 6. Mäerz 2019 ass den Hervé Barge, eise Generaldirekter, um internationale Symposium «L’Avènement des Villes intelligentes, enjeux, défis, pratiques et impact sur la gouvernance publique », deen um Campus Belval Campus vun der Universitéit Lëtzebuerg ofgehale gouf, intervenéiert.

Eise Generaldirekter deelt seng Visioun iwwer d'Roll vun der e-Santé an der „Intelligenter Stad“

Dës international Konferenz ronderëm déi connectéiert Stad, déi gemeinsam vum Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) a vum Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER) organiséiert gouf, huet sech iwwer 2 Deeg gestreckt -  de 5. a 6. Mäerz 2019 - a gouf offiziell vum Minister fir Energie a fir Landesplanung, Claude Turmes, souwéi vun de CEOs vum Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER), Aline Muller, a vum Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST), Thomas Kallstenius, opgemaach.

De Schwéierpunkt vum Symposium war déi Intelligent Stad an hir Problemer, Erausfuerderungen, Praktiken an hiren Impakt op déi ëffentlech Gouvernance, an dës 10. Editioun vum Colloque huet sech op d’Recherche an dësem Beräich an d’Diskussioun iwwert d’Resultater vun den Etüden aus dësem Beräich fokaliséiert.

D’Echangë ronderëm déi verschidden Aspekter vun enger nohalteger Entwécklung, déi duerch Verännerungen op den Niveaue Management, Technologie, Sozio-Ekonomie ënnert anerem erbäigefouert gëtt, goufen ënnert verschiddene Formen abordéiert: Plenarsitzung, Tables rondes, wëssenschaftlech Atelieren oder nach technologesch Pitchsessioun.

Den Här Barge ass bei enger vun de 5 organiséierten Tables rondes intervenéiert, notamment déi zum Thema “La e-Santé dans des territoires connectés”. Bäi dëser Geleeënheet huet hien seng Visioun zu den Erausfuerderunge vun den technologeschen Innovatiounen am Gesondheetssecteur, a méi spezifesch par Rapport zu präventiven Approchen, der Gesondheetsiwwerwaachung, der Organisatioun vum Gesondheetssystem an de Fortschrëtter an der Medezin gedeelt. Wärend dësem Panel konnt hien sech iwwert dës Aspekter mat den anere Bedeelegten austauschen, an zwar mam Laetitia Huiart, Director Population Health vum Luxembourg Institute of Health a mam Dr. Michael Witsch, Kannerdokter, Diabetolog / Endocrinolog a Projetchef DOP@MIN am Centre Hospitalier de Luxembourg.

Fir méi iwwer dësen internationale Symposium ze liesen, consultéiert den dediéierten Internetsite andeem Dir hei klickt.

Dir fannt hei och all Presentatioune vun deene verschiddenen Intervenanten, déi aus der ganzer Welt komm waren.