Eise Generaldirekter am Interview op Radio Latina

Agence

An engem Interview fir Radio Latina huet den Hervé Barge d’Nolauschterer vum Radiosender Nummer 1 vun der lusophoner Communautéit iwwert de grenziwwerschreidenden Austausch vu Gesondheetsdonnéëen informéiert, deem säin Startschoss ab Dezember 2018 geplangt ass.

Eise Generaldirekter am Interview op Radio Latina

Den Här Barge huet präziséiert, dass et sech em de grenziwwerschreidenden Austausch vum Patientenresumé handelt, ee Musterdokument, dat déi essentiell Informatioune vum Patient zesummefaasst, an dat ee kuerzen Iwwerbléck iwwer de Gesondheetshistorique vun dësem gëtt.

An enger éischter Phase geschitt de grenziwwerschreidenden Austausch vun dësem Standarddokument fir portugisesch Patienten, déi zu Lëtzebuerg op der Duerchrees sinn, an déi fir eng medezinesch Versuergung ee lëtzebuergesche Gesondheetsberuffler opsiche mussen. Dono, ab 2019, kann de Patientenresumé vun engem lëtzebuergesche Patient mat engem portugisesche Gesondheetsberuffler, deen dëse betreit, gedeelt ginn.

D’Ëmsetzung vun dësem e-santé Service geschitt am Kader vum Protokoll d’Entente, deen am Abrëll 2015 tëscht de respektiven nationalen e-santé Agencë vun deenen zwee Länner ofgeschloss  ginn ass - SPMS - Serviços Partilhados de Ministério da Saúde, E.P.E., an d'Agence eSanté – a resultéiert aus den Aktioune vun dësen am Kader vun dësem Protokoll souwéi vum europäesche Programm CEF eHDSI, un deem béid Staaten deelhuelen.

Klickt hei fir den Interview ze lauschteren.