Dräi Hiewele fir eng erfollegräich Generaliséierung vum Dossier Médical Partagé (DMP) a Frankräich

Agence

Dräi Hiewele wäerten eng erfollegräich Generaliséierung vum Gedeelte Medezineschen Dossier – Dossier Médical Partagé (DMP) (den Equivalent zu eisem elektronesche Gesondheetsdossier – Dossier de Soins Partagé (DSP)) a Frankräich erlabe mussen. Dëst léiert eis den Artikel "Den DMP, prett fir generaliséiert ze ginn? – Le DMP, prêt à être généralisé ?” iwwert den offizielle Lancement vum DMP um nationale franséischen Niveau no enger Pilotphase vun 18 Méint, deen am franséischen, op d‘Spidolswiese spezialiséierte Magasinn Hospitalia publizéiert gouf.

Dräi Hiewele fir eng erfollegräich Generaliséierung vum Dossier Médical Partagé (DMP) a Frankräich

Wann D'Pilotphase erlaabt huet, 1,8 Milliounen Dossieren opzemaachen, sou huet déi national Krankeversécherungskeess – Caisse nationale d’assurance maladie (CNAM) sech dat ambitiéist Zil gesat, d’Unzuel vu 40 Milliounen oppen DMP bis zum Joer 2022 ze erreechen, dank dräi Hiewelen, déi si ageriicht huet. Liest de ganzen Artikel andeems Dir hei klickt.

Consultéiert och een aneren Artikel iwwert de Gedeelte Medezineschen Dossier – Dossier Médical Partagé (DMP), deen den 12. November 2018 op eisem Site publizéiert gouf.

Liest och dësen Artikel iwwer d'Generaliséierung vum elektronesche Gesondheetsdossier – Dossier de Soins Partagé (DSP)) zu Lëtzebuerg, deen de 14. November 2018 op eisem Site publizéiert gouf.