Digitaliséierung am Déngscht vun der Gesondheet: Réckbléck op den Informatiounsowend an den Hôpitaux Robert Schuman
En Donneschdeg, de 14. November 2024, huet d'Agence eSanté am Auditorium vun den Hôpitaux Robert Schuman en Informatiounsowend fir Gesondheetsberuffler organiséiert
Dësen Event war geduecht fir d‘digital Gesondheetsservicer déi et zu Lëtzebuerg gëtt, ze presentéieren. Wärend dëser Versammlung hunn d'Experte vun der Agence, d’Servicer wéi den elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé - DSP) an den elektroneschen Impfpass (Carnet de Vaccination Électronique – CVE) virgestallt an der Agence hir Roll am Paiement Immediat Direct (PID) erkläert. Dës Servicer sollen d'Qualitéit vun der Gesondheetsversuergung verbesseren an d‘alldeeglech medezinesch Praxis vereinfachen. De groussen Interessi vun de Participanten bestätegt d'wuessend Wichtegkeet vun der Digitaliséierung am Gesondheetssektor.
Sidd Dir un enge vun den nächsten Initiative vun der Agence eSanté interesséiert?
Kuckt eise Kalenner fir datt Dir kee vun den nächsten Eventer verpasst.