Digital Gesondheetsservicer am Fokus beim Echange am CAPE

Informatiounsversammlung

Den 23. Oktober 2024 huet d'Agence eSanté am „Centre des Arts Pluriels“ zu Ettelbréck (CAPE) eng Informatiounsversammlung ofgehalen, un der iwwer 70 Gesondheetsberuffler aus dem ganze Land deelgeholl hunn

Salle avec médecins présents et membre de l'Agence eSanté qui présente

Dësen Treffen ass Deel vun enger Serie vun Eventer, fir Gesondheetsberuffler iwwer déi zu Lëtzebuerg existéierend digital Gesondheetsservicer, ze sensibiliséieren.

Wärend dëser Versammlung hunn d'Experte vun der Agence den elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé - DSP), den elektroneschen Impfpass (Carnet de Vaccination Électronique - CVE)  an de Paiement Immédiat Direct (PID) virgestallt. Dës innovativ Servicer si geduecht fir d'Qualitéit vun der Gesondheetsversuergung ze verbesseren an déi alldeeglech medezinesch Praxis ze optimiséieren. D'Interesse vun de Participanten beweist déi wuessend Wichtegkeet vun der Digitaliséierung am Gesondheetswiesen.

Wëllt Dir un den nächsten Agence eSanté Eventer deelhuelen?
Weider Informatioune fannt dir an eisem Kalenner.