Den Etienne Schneider an de Romain Schneider op Besuch bei der Agence eSanté

Agence

De Vizepremierminister, Gesondheetsminister, Étienne Schneider, an de Minister fir sozial Sécherheet, Romain Schneider, hunn den 28. Mäerz 2019 eng Aarbechtsvisitt bei der Agence eSanté duerchgefouert.

Den Etienne Schneider an de Romain Schneider op Besuch bei der Agence eSanté

D'Zil war en Austausch mat der Equipe vun der Agence eSanté iwwert de Fortschrëtt vun den Aarbechten am Beräich vum Dossier de Soins Partagé (DSP), souwéi vun de verschiddene Servicer, déi op der eSanté Plattform de Gesondheetsberuffler, sou wéi zum Beispill de Spideeler, Dokteren, Apdikter, Laboratoiren, Fleegeheimer a Reseau’en oder Fuerschungslaboratoiren, souwéi aneren ëffentlechen Organismen, zur Verfügung gestallt ginn.

Den DSP ass prett fir déi generaliséiert Aféierung

Bei dëser Geleeënheet huet d'Agence eSanté déi zentral Roll vum DSP als Fleegekoordinatiounsinstrument, dat e besseren Austausch vu Gesondheetsinformatiounen tëschent Gesondheetsberuffler erlaabt, virgestallt. Sou konnten d'Ministeren der Demonstratioun vum Verschécke vun enger “e-Prescriptioun” duerch en Dokter mat enger Dokteschsoftware an den DSP vun engem Patient, an hir Recuperatioun duerch en Apdikter mat IdeoMed, enger Software, déi a verschiddene Gesondheetsetablissementer zu Lëtzebuerg benotzt gëtt, bäiwunnen. Dank der Medikament-Referenzdatebank, déi an der Ideomedsoftware integréiert ass, kann de Gesondheetsberuffler eng pharmazeutesch Analyse maachen a potentiell Interaktioune mat de Medikamenter identifizéieren, déi de Patient schonn hellt.

De Projet vum groussherzogleche Reglement iwwert den DSP ass, nom Avis vum Staatsrot, am Gaang finaliséiert ze ginn, fir dass en sou séier wéi méiglech a Kraaft triede kann. Mat der Publikatioun vun dësem Reglement wäert den DSP op nationalem Niveau kënnen agefouert ginn.

Big Data, kënschtlech Intelligenz an aner Servicer

Duerno hunn sech déi zwee Ministere mat de Membere vun der Equipe iwwer aner Themen ausgetosch, dorënner d'Servicer, déi an der Entwécklungsphase sinn, wéi d’Dematerialiséiere vun den Ordonnancen, souwéi déi zukünfteg Aktivitéiten, déi am strategesche Plang vun der Agence definéiert sinn, wéi zum Beispill den Apport vun der kënschtlecher Intelligenz zu Déngscht net nëmme vun de Professionellen, ma och vun de Patienten.

An Zukunft wäerten Outil’en vun dësem Typ et erlaben, eng personaliséiert Medezin anzesetzen; éischt diesbezüglech Reflexioune sinn am Gang, besonnesch fir de Beräich vun der Onkologie.

D'Strategie fir déi digital Transitioun vun der Gesondheet

D'Agence huet och hir strategesch Prioritéite fir déi kommend Jore virgestallt:
 

  • Déi generaliséiert Aféierung vum Dossier de Soins Partagé fir all d’Assuréen an den Austausch vun engem Patienteresumé op grenziwwerschreidendem Niveau initiéieren;
  • All d’Gesondheetsacteure ronderëm déi vill Servicer, déi vun hirer eSanté Plattform proposéiert ginn, federéieren;
  • Déi verschidde Gesondheetsacteure ronderëm eng kohärent an effizient eSanté-Strategie versammelen, onentbierlech fir de Choix vun der digitaler Transitioun vun der Gesondheet ze assuméieren, a fir d’Uwendungsfäll am grousse Moossstaf anzeféieren;
  • Initiativë fir Co-Innovatioun lancéieren, fir eng enk Relatioun tëschent de Besoine vum Benotzer an der Offer an der Innovatioun ze schafen, duerch Partnerschafte mat de Fuerschungslaboratoiren, der Universitéit vu Lëtzebuerg an den Industriellen. Ënnert dëser Optik ass d’Opportunitéit, en dediéierten Inkubator fir eSanté ze kreéieren, ugeschwat ginn.

 

► Link op eng animéiert Presentatioun mat verschiddene Photoen