Déi kënschtlech Intelligenz ugewannt an der medezinescher Imagerie

Agence

Dësen Donneschdeg, 24. Abrëll 2019, gouf d'Konferenz "Défendre et promouvoir le médecin radiologue de demain: anticipation - pertinence - intélligence artificelle", organiséiert vun der Agence eSanté an der Association des Médecins et Médecins-Dentistes, an Zesummenaarbecht mat der Société Luxembourgeoise de Radiologie a mat der Ënnerstëtzung vun der POST, ofgehalen.

Déi kënschtlech Intelligenz ugewannt an der medezinescher Imagerie

Bei dëser Geleeënheet huet de President vun der Fédération Nationale des Médecins Radiologues française, den Dokter Jean-Philippe Masson, exposéiert wéi déi kënschtlech Intelligenz eng bedeitend Entwécklung an der Praxis vun der Radiologie brénge kann, am Déngscht vun de Patienten an de Professionellen.

Als Beispill huet hien notamment de Fonctionnement vum am Frankräich ageriichten Ekosystem vun der kënschtlecher Intelligenz, deen der medezinescher Imagerie dediéiert ass, dem sougenannten DRIM France IA, virgestallt. Dëse viséiert, eng qualifiéiert medezinesch Imagerie-Datebank mat deenen 100 Milliounen Ënnersichungen, déi all Joer an de franséischen ëffentlechen a private Radiologiecabineten a Servicer produzéiert ginn, opzebauen an ze exploitéieren.

Déi sou opgebauten Datebank gëtt den industrielle Betriber zur Verfügung gestallt, ënnert der Kontroll vun engem wëssenschaftleche Comité, deen d’Anhale vun der applicabeler Reglementatioun fir d’Benotze vu Gesondheetsdonnéeën iwwerwaacht, fir Decisiounshëllefprogrammer an Applikatiounen am Beräich vun der medezinescher Imagerie, am Déngscht vun de Patienten a vum Gesondheetswiesen, ze developpéieren. Et kann een hei als Beispill Logiciellen, déi der Fuerschung, der Formatioun, der Evaluatioun, der Präventioun, der Diagnostik, der Therapeutik oder dem Suivi vu Patienten dediéiert sinn, ernimmen.

No der Froen-Äntwerte Seance um Schluss vun der Interventioun, hat d’Audienz d’Geleeënheet, sech mam Dokter Masson beim Cocktail, dee vun der Post offréiert gouf an deen de Colloque ofgeschloss huet, ze ënnerhalen.

Fir méi iwwer d’Interventioun vum Dokter Masson gewuer ze ginn, consultéiert hei déi projezéiert Presentatioun.