De Seuil vun 100.000 Dokumenter, déi an den aktiven DSP deposéiert goufen, ass iwwerschratt ginn!

Agence

Eng nei wichteg Etapp gouf bei der Aféierung vum elektronesche Gesondheetsdossier – Dossier de Soins Partagé (DSP) erreecht. Mir hunn tatsächlech zu eiser grousser Freed feststelle kennen, dass d'Unzuel vun den an den aktivéierten DSP deposéierte medezineschen Dokumenter de Seuil vun 100.000 iwwerschratt huet.

De Seuil vun 100.000 Dokumenter, déi an den aktiven DSP deposéiert goufen, ass iwwerschratt ginn!

Doriwwer eraus huet eis Statistik erginn, dass déi Patienten, déi iwwert en DSP verfügen, bis elo am ganzen 18.457 Consultatiounen duerchféiere gelooss hunn, wouvun der 12.193 vu Persoune vun iwwer 60 Joer duerchféiere gelooss gi sinn. Wat dat allgemengt Viruerteel widderleet, dass eeler Leit sech déi digital Mëttelen net ugëeegent hunn an duerfir hiren DSP net aktiv benotze wäerten.

Dësen zouhuelende Gebrauch vum DSP - souwuel vu Patiente wei och vu Gesondheetsdengschtleeschter - spigelt de positiven Impakt vun der enker Zesummenaarbecht tëschent der Agence an de verschiddene Signataire vum Ofkommes fir d‘Aféierung vum DSP erëm: Laboe fir biologesch Analysen, Spideeler a verschidden aner lëtzebuergesch Gesondheetsstrukturen (kuckt hei fir d’Detailer). Effektiv, soubal den Informatiounssystem (IS), dee vun dëse Gesondheetsetablissementer benotzt gëtt, als mat der eSanté-Plattform konform zertifiéiert ass, kann sech de concernéierten IS mat der Plattform verbannen an de gesécherten Austausch vun Donnéeën tëschent dem DSP an dem informatesche Patientendossier, dee vun der concernéierter Gesondheetsstruktur benotzt gëtt, kann ausgeléist ginn. Sou ginn ëmmer méi aktivéiert DSP reegelméisseg alimentéiert, sou dass déi remarkabel Unzuel vun 100.000 deposéierten Dokumenter haut iwwerschratt ginn ass.

Mir erënneren drun, dass den DSP ënner anerem Resultater vu biologeschen a radiologeschen Ënnersichungen, Consultatiouns -  oder Spidoolsopenthaltsberichter, Patienteresuméen an all aner wichteg Dokumenter, déi sech op de Gesondheetszoustand vum Patient bezeien, enthale kann. Am DSP deposéiert, ginn des medezinesch Dokumenter dem Patient selwer an de verschiddene Gesondheetsdengschtleeschter, deenen de Patient Zougang gëtt, zougänglech. Dëst vum DSP vereinfacht Deele vu Gesondheetsdonnéeën dréit zu enger optimaler Betreiung an enger nach méi effizienter a besser koordinéierter medezinescher Versuergung bäi.

Wëllt Dir méi iwwer déi vill Virdeeler gewuer ginn, déi den DSP Iech am Beräich vun der medezinescher Koordinatioun a Versuergung bidde kann? Klickt w.e.g. hei.

Dir sidd scho vun der Nëtzlechkeet vum DSP iwwerzeegt a wéilt Ären ouni Këschten opmaachen? Fëllt weg dëse Formular aus a schéckt eis en zou. (Link zum Formular)