De Pitti, „eisen digitalen Assistent“, Éieregäscht um Cocktail vun de Luxembourg Internet Days

Agence

Den Dënschden, 14. November, war de Pitti, eisen digitalen Assistent, Éieregäscht um Cocktail, deen den éischten Dag vun de Luxembourg Internet Days ofgeschloss huet. D’Editioun 2017 vun dëser alljäerlecher Konferenz, déi séit 2014 vu LU-CIX organiséiert gëtt, huet méi wéi 1.100 Participanten aus ganz Europa versammelt. Souguer aus der ganzer Welt, vu que dass de Kanada „Partnerland“ bei dëser Konferenz war.

De Pitti, „eisen digitalen Assistent“, Éieregäscht um Cocktail vun de Luxembourg Internet Days

Dëst internationaalt Evenement verbënnt en Ausstellungsberäich mat thematesche Seancë vun ënnerschiddlecher Natur (Konferenzen, Gespréichsronnen, Atelieren, Schoulungssëtzungen, Business speed-dating, …), an huet eisem Pitti en privilegéierte Kader  gebuede fir mat enger internationaler Audienz ze interagéieren. Mat sengem Charme huet hien eng Rëtsch Participanten dozou beweegt, sech iwwert den elektronesche Gesondheetsdossier - Dossier de Soins Partagé (DSP) informéieren ze kommen, an huet si vum Méiwäert, deen den DSP fir d’Koordinatioun an de Suivi vun hirer liewenslaanger medezinescher Versuergung mat sech bréngt, iwwerzeegt.

Wëllt Dir méi liesen oder d’Fotoe vum Evenement gesinn? Consultéiert w.e.g. dëse Site: http://www.luxembourg-internet-days.com/