De Christian Oberlé gouf zum President an den Daniel Cardao zum Member vun eisem Conseil de Gerance ernannt

Agence

Déi aussergewéinlech Generalversammlung, déi gëschter, de 14. November 2018 zesummekoum, huet den Här Christian Oberlé – Kandidat, dee gemeinsam vun der Gesondheetsministesch, Lydia Mutsch, an dem Minister fir sozial Sécherheet, Romain Schneider, souwéi dem Verwaltungsrot vun der CNS proposéiert gouf – zum President vum Conseil de Gerance vun der Agence eSanté ernannt. Hien féiert d’Mandat vum Här Paul Schmit, demissionäre President op Grond vum Enn vu sengem Mandat als President vun der nationaler Gesondheetskeess (Caisse nationale de santé), weider bis zur Generalversammlung vun 2020, Moment wou d’Kompositioun vum Conseil de Gerance fir en neit Mandat vun dräi Joer muss gewielt ginn.

De Christian Oberlé gouf zum President an den Daniel Cardao zum Member vun eisem Conseil de Gerance ernannt

Well den Här Oberlé ee vun deenen zwee Gerante war, déi d’Federatioun vun de lëtzebuergesche Spideeler (Fédération des Hôpitaux luxembourgeois) an eisem Conseil de Gerance vertrieden, huet och ee vun der FHL proposéierte Remplaçant mussen ernannt ginn. De proposéierten - a vun eisem Conseil de Gerance an der aussergewéinlecher Generalversammlung kooptéierte Kandidat - ass den Här Daniel Cardao, Verwaltungs- a Finanzdirekter vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch, deen sech soumat dem Här Christophe Nardin als Geranten, déi d’FHL vertrieden, uschléisst.

Deementspriechend presentéiert sech d’Zesummestellung vum Conseil de Gerance sou:

President: Här Christian Oberlé

Memberen:

- Här Marc Mertens – Vertrieder vum Staat

- Madamm Linda Schumacher – Vertrieder vum Staat

- Här Claude Bizjak – Vertrieder vun der nationaler Gesondheetskeess

- Här Nicolas Kremer – Vertrieder vun der nationaler Gesondheetskeess

- Här Carlos Pereira – Vertrieder vun der nationaler Gesondheetskeess

- Här Claude Seywert – Vertrieder vum gemeinsamen Zentrum vun der sozialer Sécherheet

- Dr. Alain Schmit– Vertrieder vun der Associatioun vun den Dokteren an den Zänndokteren

- Dr. Guillaume Steichen – Vertrieder vun der Associatioun vun den Dokteren an den Zänndokteren

- Här Daniel Cardao – Vertrieder vun der Federatioun vun de lëtzebuergesche Spideeler

- Här Christophe Nardin - Vertrieder vun der Federatioun vun de lëtzebuergesche Spideeler

- Här René Pizzaferri – Vertrieder vun der Patientevertriedung

- Madamm Danielle Becker-Bauer – Vertrieder vum Syndikat vun den Apdikter

- Madamm Netty Klein – Vertrieder vun der Federatioun COPAS

- Här  Udo Margraff – Vertrieder vun der lëtzebuerger Federatioun vun de medezinesch-analytesche Laboratoiren