D’e-santé am Internationalen: Generalisatioun vum gedeelte medezineschen Dossier a Frankräich.

Agence

D’Generalisatioun vum DMP (Dossier Médical Partagé) a Frankräich gouf den Dënschden, 6. November vun der Gesondheetsministesch Agnès Buzyn annoncéiert. An dësem Kader huet d’Noriichtesendung op France 2 e kuerze Reportage iwwert d’Beispill vun der weit avancéierter Aféierung vun der connectéierter Gesondheet an Dänemark presentéiert.

D’e-santé am Internationalen: Generalisatioun vum gedeelte medezineschen Dossier a Frankräich.

Dëse Reportage stellt déi vill Virdeeler vum schnellen a gesécherten Zougrëff op Gesondheetsdonnéeën, déi via den informatiséierte Gesondheetsdossier disponibel sinn, an de Virdergrond.  

Zu Lëtzebuerg existéiert den digitale Gesondheetsdossier ënnert der Form vum Dossier de Soins Partagé (DSP). Dësen Outil erlaabt et, wichteg Gesondheetsdonnéeën ze zentraliséieren a vereinfacht esou d'Koordinatioun vun der Fleeg an eng méi effikass Betreiung vum Patient.

Wëllt Dir ab elo gratis vun de Virdeeler vum DSP profitéieren? Luet dëse Formular erof, fëllt en aus a schéckt en per mail oder Courrier un d'Agence eSanté zeréck. Wëllt Dir méi Informatiounen iwwert dësen Outil, dann klickt w.e.g. hei.

Klickt hei fir de Reportage op France 2 ze gesinn.