D'Agence eSanté preparéiert de grenziwwerschreidende Austausch vum Patienteresumé

Agence

Sou annoncéiert en Artikel, deen an der Dezember 2018 Editioun vum Magasinn vun der Federatioun vun de lëtzebuergesche Spideeler (Fédération des hôpitaux luxembourgeois) “FHL Info” publizéiert gouf, de graduellen imminente Start vum grenziwwerschreidenden Austausch vum Patienteresumé a vun der ePrescriptioun innerhalb Europa.

D'Agence eSanté preparéiert de grenziwwerschreidende Austausch vum Patienteresumé

Lëtzebuerg ass ee vun de véier europäesche Pionéierlänner, déi autoriséiert sinn de grenziwwerschreidenden Austausch ze steieren, nieft Finnland an Estland (fir den Austausch vun der ePrescriptioun), wéi och der Tschechescher Republik (fir den Austausch vum Patienteresumé, wéi Lëtzebuerg). De grenziwwerschreidenden Austausch gëtt no an no op déi aner europäesch Memberstaaten ausgedeent.

D'Agence eSanté assuméiert de Rôle vum nationale Kontaktpunkt fir d’eSanté fir Lëtzebuerg, wat et hir erméiglecht, dëse grenziwwerschreidenden Austausch ze realiséieren an eng vun hire legale Missiounen, déi vum Code de la sécurité sociale definéiert sinn, ze erfëllen.

Fannt méi Informatiounen iwwert dëse grenziwwerschreidenden elektroneschen Austausch vum Patienteresumé a vun der ePrescriptioun, dee vum europäesche Programm CEF Connecting Europe Facility (CEF) - eHealth Digital Services Infrastructure (eHDSI) erliichtert gëtt :

- andeems Dir hei klickt fir de kompletten Artikel ze liesen
- andeems Dir op dëse Link klickt fir op de Site vum Programm CEF Connecting Europe Facility (CEF) - eHealth Digital Services Infrastructure (eHDSI) ze kommen