D’Agence eSanté lancéiert hire Portal www.esante.lu op lëtzebuergesch

Agence

Ab haut ass den Internetsite vun der Agence eSanté – www.esante.lu – och op lëtzebuergesch verfügbar. Des Versioun kennt bei déi franséisch dobäi, déi et säit dem Lancement vum Portal eSanté am Joer 2014 gëtt, a bei déi däitsch Versioun, déi Enn 2015 lancéiert gouf. Ab elo also dräisproocheg, ass den eSanté Portal – d’Entréesdier fir eSanté Servicer an Informatioune ronderëm d’esanté -  zougänglech an den dräi Referenzsprooche vun eisem Land.

D’Agence eSanté lancéiert hire Portal www.esante.lu op lëtzebuergesch

Fir de Bierger en Kommunikatiounsmëttel zur Verfügung ze stellen, dat der internationaler Communautéit déi zu Lëtzebuerg wunnt a schafft, Rechnung dréit, ass de multi-linguisteschen Aspekt vum Portal vun Ufank un an der Kommunikatiounsstrategie vun der Agence virgesi ginn.

Wéinst der Wichtegkeet vun der lusophoner an der anglophoner Communautéit zu Lëtzebuerg, huet d’Agence eSanté sech ausserdeem als Zil gesat, sech an hirer Sproch un des zwou Communautéiten ze wenden. De Lancement vum Portal eSanté op portugisesch an op englesch ass an den nächste Jore virgesinn.