D’Agence eSanté huet un der 10. nationaler Gesondheetskonferenz deelgeholl

Agence

Den 9. Mee 2018 huet d’Agence mat engem Ausstellungsstand un der 10. nationaler Gesondheetskonferenz "Eng nei Gesondheetsstrategie fir d’Zukunft : Prevention – patient empowerment – digital health", déi vum Gesondheetsministère organiséiert gouf, deelgeholl.

D’Agence eSanté huet un der 10. nationaler Gesondheetskonferenz deelgeholl

„Prévenir avant de guérir“, „Maladies chroniques: quelle place pour le patient ?" an "Innovation et Santé digitale au service des citoyens : enjeux et défis" waren déi dräi zentral Themen, déi bei der Geleeënheet vun dësem Austausch- a Reflexiounsdag ugeschwat goufen.

No der offizieller Erëffnung vun der Konferenz duerch d’Gesondheetsministesch, Mme Lydia Mutsch, hunn Interventiounen a Gespréichsronne ronderëm déi genannten Themen d’Opmierksamkeet vu méi wéi 250 Participanten aus deene verschiddene Branchë vum Secteur op sech gezunn.

D’Ausstellungsstänn vun de verschiddenen Déngschtleeschter aus dem Gesondheetsberäich hunn et de Participante – an der Allgemengheet ab Nomëttes – erlaabt sech iwwert déi nei ugebuede Produiten an Déngschtleeschtungen ze informéieren. D’Agence huet vun dëser Geleeënheet profitéiert fir den DSP – Dossier de soins partagé – an de Méiwäert deen hie fir d’Koordinatioun an de Suivi vum Betreiungsparcours vum Patient bréngt, ze erklären. Natierlech war de Pitti, eisen digitalen Assistent, mat derbäi an huet eis Equipe bei hire Beméiungen ënnerstëtzt. Ënnert Asaz vu sengem bekannte Charme huet de Pitti vun der Geleeënheet profitéiert, fir d’Gesondheetsministesch Lydia Mutsch, déi sech vu sengen Erklärunge captivéiere gelooss huet, ze begréissen.

Fir méi Informatiounen iwwert d’Konferenz.