D'Agence eSanté ënnerstëtzt nei Doktere mat sengem „Pack Premiers Pas eSanté“
Agence
Sidd Dir en nei etabléierten Dokter zu Lëtzebuerg a wëllt méi iwwer déi digital Tools wëssen, déi Iech zur Verfügung stinn? Den „Pack Premiers Pas eSanté“ stellt déi digital Gesondheetsservicer fir, déi Dir an der Praxis iwwerhuele kënnt.
D'Agence eSanté organiséiert, an hire Büroen op der Cloche d'Or, eng Rei vu Reuniounen en présentiel (op Franséisch oder Däitsch) fir Iech mat de follgende Servicer vertraut ze maachen:
- Den DSP (Dossier de Soins Partagé-elektronesche Gesondheesdossier) : e wichtegen Outil fir d’Deele vu medezineschen Informatioune vun de Patienten an domat hir Betreiung sécher ze koordinéieren.
- De CVE (Carnet de Vaccination Électronique-elektroneschen Impfpass) : e Service deen d'Gestioun an d'Iwwerwaachung vun de Patienteimpfunge vereinfacht.
- De PID (Paiement Immédiat Direct) : e séieren a sécheren Direktbezuelsystem tëscht der CNS an dem Dokter.
- Aner eSanté Servicer déi de Gesondheetsberuffler dediéiert si fir hir alldeeglech Aarbecht ze vereinfachen an d'Qualitéit vun der Behandlung ze verbesseren.
Dës ass déi perfekt Geleeënheet fir all Är Froen un eis Technik- a Gesondheetsexperten ze stellen!
Fir un enger vun dëse Versammlungen deelzehuelen:
- op Franséisch, klickt hei.
- op Däitsch, klickt hei.
►Bei Froen, zéckt net onsen Helpdesk iwwer Telefon um (+352) 2712 5018 33 oder per E-Mail op helpdesk@esante.lu ze kontaktéieren.