D’Agence ass op der 7. Konferenz zum Thema Gesondheet, déi vun Deloitte organiséiert gouf, intervenéiert

Agence

Den Dënschdeg, 6. Februar 2018 ass eis Mataarbechterin Pascale Lucas, Verantwortlech vum Pôle Projets, bei Geleeënheet vun der 7. Editioun vun der Deloitte Healthcare Konferenz, déi als zentraalt Thema «La transformation digitale du secteur de la santé» hat, intervenéiert.

D’Agence ass op der 7. Konferenz zum Thema Gesondheet, déi vun Deloitte organiséiert gouf, intervenéiert

Dës 7. Konferenz zum Thema Gesondheet, organiséiert vun Deloitte an Zesummenaarbecht mat der Fédération des Hôpitaux Luxembourgeois (FHL), war ouni Zweiwel en Erfolleg dank der Interventioun vun der Gesondheetsministesch, Lydia Mutsch, den Häre Paul Junck a Marc Hastert vun der FHL, souwéi vu lokalen an internationalen Intervenanten: Nicolas Delaporte (Hôpital digital de Lens), Frank Glod (Clinnova) a Benoît Holzem (Stëftung Hëllef Doheem).

Fir verschidden Aspekter zum Thema «La transformation digitale du secteur de la santé» ze beliichten, ass et drëm gaangen ze gesinn, wei déi nei Technologie kenne konkret Léisunge fir verschidde Challenge vum lëtzebuerger Gesondheetssecteur liwweren, wéi des Technologie sech an engem komplexen techneschen Ëmfeld an an engem legale Kontext deen ze kläre bléift, integréiere kënnen. Et ass och diskutéiert ginn, wéi dës Technologien et erlaben, de Patient an den Zentrum vu senger Betreiung ze positionéierten, als Partner vun der Equipe médico-soignante.

Eis Mataarbechterin Pascale Lucas, huet de Sujet “ «Comment l’introduction d’un Electronic Health Record (EHR) national – soit pour le Luxembourg le DSP – Dossier de Soins Partagé - change la prise en charge du patient et la façon de travailler et de collaborer des professionnels de santé» behandelt.

Fannt hei d’Presentatioun, déi bei dëser Geleeënheet benotzt ginn ass.