Bericht zur wirtschaftlecher a sozialer Situatioun vun der Groussregioun 2017/2018
D‘Groussregioun - déi sech aus dem Groussherzogtum Lëtzebuerg an den Nopeschregiounen: Saarland a Rheinland-Pfalz (Däitschland), Loutrengen (Frankräich) sou wéi Wallounien an der wallounescher Regioun - mat der däitschsproocheger Communautéit (Belsch), zesummesetzt - gëtt vu kontinuéierleche Stréim vu grenziwwerschreidenden Aarbechter a Konsumenten duerchkräizt. D'Groussherzogtum Lëtzebuerg ass eng dreiwend Kraaft vun der grenziwwerschreidender Kooperatioun an der Groussregioun. Et stellt dat wirtschaftlecht Häerz mat internationaler Dimensioun vun dëser duer an ass den Haaptunzéiungspunkt a Punkto grenziwwerschreidend Aarbechtsplazen: 3.7000 Grenzgänger am Joer 1960, 150.000 am Joer 2012, 160.000 am Joer 2014, 183.548 am Joer 2017.
Zur Geleeënheet vun der Plenarversammlung zum Ofschloss vun der lëtzebuergescher Presidence vum “Wirtschaftlechen a soziale Comité vun der Groussregioun - Comité économique et social de la Grande Région”, ass de “Bericht zur wirtschaftlecher a sozialer Situatioun vun der Groussregioun 2017/2018 - Rapport sur la situation économique et sociale de la Grande-Région 2017/2018”, dee vum “Interregionalen Observatoire vum Aarbechtsmaart – Observatoire interrégional du marché de l’emploi” realiséiert gouf, publizéiert ginn. Dësen enthält e Katalog mat 50 statisteschen Indicateuren zur aktueller wirtschaftlecher a sozialer Situatioun vun der Groussregioun an eng detailléiert Etüd iwwert dat aktuellt Schwéierpunktthema “Déi kontinuéierlech Weiderbildung am Zäitalter vun der Digitalisatioun vun der Aarbechtswelt - La formation professionnelle continue à l’ère de la numérisation du monde du travail”.
Consultéiert de Rapport andeems Dir hei klickt.
Eng Pabeierversioun kann beim “Interregionalen Observatoire vum Aarbechtsmaart - Observatoire interrégional du marché de l’emploi” bestallt ginn (Mail un jeanne.ruffing@info-institut.de ).