Artikel iwwert d’Generalisatioun vum Dossier de Soins Partagé am L’essentiel

Agence

De Staatsrot huet sech zum Projet vum groussherzogleche Reglement, deen d’Modalitéiten an d’Konditioune fir d’Bereetstellung vum elektronesche Gesondheetsdossier - Dossier de Soins Partagé (DSP) präziséiert, prononcéiert, an d’Akraafttriede vum Reglement gëtt an deenen nächste Méint erwaart.

Artikel iwwert d’Generalisatioun vum Dossier de Soins Partagé am L’essentiel

Mat dësem Akraafttriede wäert d’Generalisatioun vum DSP kënnen declenchéiert ginn, an d’Pilotphase, wärend där méi wéi 55.000 Patiente vun hirem elektroneschen, perséinlechen a securiséierten  Gesondheetsdossier, deen hir essentiell Gesondheetsinformatiounen zentraliséiert, benefisséieren konnten, op en Enn kommen.

An senger Editioun vun dësem 14. November 2018 riicht d’Dageszeitung L’essentiel de Fokus op dës Generalisatioun vum Dossier de Soins Partagé an de Fakt, dass si zu enger besserer koordinéierter Betreiung duerch d’Gesondheetsberuffler, zu Gonschten vum Patient, wäert bäidroen.

Fannt hei de ganzen Artikel

Consultéiert den Artikel um Site vum L’essentiel.