Eis Geschicht
- Oktober 2006: Déi lëtzebuergesch Regierung lancéiert den eSanté-Aktiounsplang, deen zur Grënnung vun der Agence eSanté gefouert huet. Déi éischt Projeten déi am Kader vum Aktiounsplang gefouert goufen, hunn däitlech drop higewisen, datt d’Gesondheetsfachleit eng Plattform brauchen, déi et hinnen erméiglecht, sech ënnereneen auszetauschen a gemeinsam elektronesch Gesondheetsdonnéeën ze notzen.
- September 2010: De Regierungsrot decidéiert eng national Agence ze grënnen, déi d‘Aufgab zougewise kritt, eng Plattform fir déi gemeinsam Notzung an de sécheren Austausch vun elektronesche Gesondheetsinformatiounen ze entwéckelen.
- 17. Dezember 2010: D'Gesetz iwwert d‘Gesondheetsreform vum 17. Dezember 2010, a méi genee d‘Artikelen 60ter a 60quater, bilden déi legal Basis vun der Agence eSanté.
- 25. Oktober 2011: Grënnung vun der Agence eSanté : d'Haaptacteuren aus dem Gesondheetsberäich decidéieren, gemeinsam en G.I.E. ze etabléieren
- Mäerz bis September 2012: Dat éischt Personal gëtt agestallt, wouduerch d’Agence mat enger 5 Persoune staarker Equipe richteg operationell gëtt.
- Haut: D'Gestioun vun der Agence eSanté gëtt vun enger interdisziplinärer an dynamescher Ekipp vun iwert 40 Leit assuréiert, déi vum Här Ian Tewes geleet gëtt
Eis Missiounen
Wéi d‘Artikelen 60ter a 60quarter vum Code de la Sécurité Sociale bestëmmen, besteet d'Haaptaufgab vun der Agence dran, eng besser Notzung vun de Gesondheetsdonnéeën an Informatiounen ze garantéieren an eng besser Koordinatioun vun der Patienteversuergung sécherzestellen.
Dëst soll mat Hëllef vu folgende Schrëtter realiséiert ginn:
• Konzeptioun, Implementéieren an operative Betrib vun enger nationaler Plattform fir de sécheren Austausch a gemeinsamt Notze vun elektronesche Gesondheetsinformatiounen, inklusiv dem elektronesche Gesondheetsdossier (DSP)
• Erstelle vun engem Leitplang fir Gesondheetsinformatiounssystemer (SDSI), an deem déi national Strategie fir d’Interoperabilitéit vun de Gesondheetsinformatiounssystemer bestëmmt gëtt
D’Interoperabilitéit innerhalb vum Gesondheetswiesen an de medezinesche Fleegedéngschter erméiglecht et, dat zwee oder méi Acteure vum Gesondheetswiese Gesondheetsdonnéeën austausche kënnen an dës op déi selwecht Weis verstinn. D’Interoperabilitéit ass also d’Schlësselelement fir d’Kontinuitéit bei der Patienteversuergung sécherzestellen an ze garantéieren, datt déi medezinesch Informatioune vum Patient wärend dem gesamte Prozess vun der Behandlung, eendeiteg, kohärent a verständlech sinn.
Eis Memberen
Wéi et am Artikel 60ter vum Gesetz vum 17. Dezember 2010 virgesinn ass, ass d’Funktioun vun der Agence eSanté enger wirtschaftlecher Interessevereenegung (Groupement d’Intérêt Economique) uvertraut, déi de Staat, déi National Gesondheetskeess, de Centre Commun vun der Sozialsécherheet souwéi déi representativ Organisatioune vun de Fleegedéngschtleeschter an d’Intressevertriedung vun de Patiente vereent.
Am Moment huet d’Agence eSanté G.I.E folgend Memberen:
- De Lëtzebuerger Staat, vertrueden duerch de "Ministère de la Santé" an "Ministère de la Sécurité Sociale"
- D'Caisse Nationale de Santé (CNS, déi National Gesondheetskeess)
- De Centre Commun de la Sécurité Sociale
- D'Association des Médecins et Médecins-Dentistes
- D‘Fédération des Hôpitaux Luxembourgeois
- De Syndicat des Pharmaciens Luxembourgeois
- D‘Fédération COPAS
- D'Patientevertriedung
- D'Fédération Luxembourgeoise des Laboratoires d'Analyses Médicales
Eis Gerance
De Gerancemodell vun der Agence eSanté G.I.E. vereent um Niveau vun der Generalversammlung a vum Conseil de Gerance all betraffe Gesondheetsacteuren, souwuel aus dem ëffentleche wéi dem private Beräich vum Gesondheetssecteur, dem Fleegedéngschtsecteur, wei och Interessenvertrieder vum Patient.
Säi Conseil de Gerance ass zesummegesat aus 13 Persounen (*):
- President: Här Marc Hostert
Membere vum Virstand (de GIE-Member dee vertruede gëtt steet a Klammeren):
- Thomas Dominique (Lëtzebuerger Staat)
- Magali Boers (Lëtzebuerger Staat)
- Marc Wagener (CNS)
- Nicolas Kremer (CNS)
- Carlos Pereira (CNS)
- Jacques Kirsch (CCSS)
- Daniel Cardao (FHL)
- Christophe Nardin (FHL)
- René Pizzaferri (Patiente Vertriedung)
- Danielle Becker-Bauer (Syndicat des Pharmaciens Luxembourgeois)
- Claudine Bettendroffer (COPAS)
- Janssen Liu (Fédération Luxembourgeoise des Laboratoires d'Analyses Médicales)
Déi deeglech Gestioun gëtt garantéiert vun engem dynameschen a multidisziplinären Team, dat geleet gëtt vum Här Ian Tewes.
(*) zwee Vertrieder vun der "Association des Médecins et Médecins Dentistes (AMMD)" déi nach nominéiert musse ginn
Eis Ekipp
Eis dynamesch a pluridisziplinär Ekipp besteet aktuell aus méi wéi 40 Persounen, a gëtt geleet vum Här Ian Tewes. An der Vilfalt vun de Profiller (Dokter, Fleeger, Informatiker, Jurist, Projetmanager, Administrativ, ...) an Nationalitéiten vun de Mataarbechter, spigelt sech d’Bedeitung vun den technologeschen, berufflechen a kulturellen Ufuerderungen erëm, déi fir d’Ëmsetzung vum nationale Projet néideg sinn.
Eis Partner
D'Erausfuerderunge mat deenen de Gesondheets-Ökosystem haut konfrontéiert ass, si komplex, global, a gläichzäiteg sinn déi lokal Besonneschkeeten d‘Schlësselfakteuren fir eng optimal Betreiung duerch Gesondheetspersonal an zum Benefice vun de Patienten.
Aus dësem Grond wollt d'Agence eSanté vun Ufank un, sënnvoll Partnerschaften op lokalem, regionalem, europäeschem an internationalem Niveau bauen, fir Erfarungen, bescht Praktiken, Feedback a Visioune mat aneren Organisatiounen a Persounen ze deelen, déi an dësem Beräich schaffen.
Partnerslescht